Um néngte Spilldag ass et fir d'Rout Léiwen am leschten Heemmatch vun der Campagne géint Bosnien-Herzegowina gaangen.

Resumé EM-Qualifikatioun Lëtzebuerg-Bosnien vum Serge Olmo

Trotz just nach rechneresche Chancen op déi direkt Qualifikatioun fir d'EM 2024 huet Lëtzebuerg de Match vun Ufank un dominéiert an um Enn héichverdéngt mat 4:1 géint Bosnien-Herzegowina gewonnen. Wéinst der slowakescher Victoire ass den Dram vun der direkter Qualifikatioun allerdéngs endgülteg geplatzt.

D'Stëmme vun de Lëtzebuerger nom Match
De Luc Holtz, Christopher Martins, Florian Bohnert a Mathias Olesen iwwert déi staark Leeschtung.

An de weidere Matcher am Grupp J hunn d'Favoritte sech allebéid souverän duerchgesat. Liechtenstein huet doheem mat 0:2 géint Portugal de Kierzere gezunn, woumat déi scho qualifizéiert Portugise de Grupp weiderhi mat der maximaler Unzuel u Punkten uféieren. D'Slowakei hat iwwerdeems trotz Réckstand keng Problemer bei der 4:2-Victoire géint Island a qualifizéiert sech domat als zweet Ekipp vum Grupp J fir d'EM.

Am Grupp A huet Spuenien sech verdéngt mat 3:1 op Zypern duerchgesat. Schottland konnt a Georgien iwwerdeems a leschter Minutt zum 2:2 ausgläichen a behält domat eng kleng Chance op d'Gruppevictoire.

Am gréisstendeels decidéierte GruppF konnt Éisträich 2:0 an Estland gewannen a setzt domat d'Belsch an der Lutte ëm d'Gruppevictoire um leschte Spilldag ënner Drock. Den Aserbaidjan huet sech iwwerdeems iwwerraschend däitlech mat 3:0 géint Schweden behaapt.

Am Grupp G konnt Ungarn beim 2:2 a Bulgarien a leschter Minutt ausgläichen a sech domat den Ticket fir d'EM scho virum leschte Spilldag sécheren. Am anere Match huet Montenegro sech mat 2:0 géint Litauen duerchgesat, woumat d'Entscheedung ëm den zweeten Ticket um leschte Spilldag tëscht Serbien a Montenegro fält.

Grupp J

Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina 4:1
1:0 Olesen (6'), 2:0 Rodrigues (30', Eelefmeter), 3:0 Mujakic (55', Selbstgol), 3:1 Gojkovic (90+3'), 4:1 Rodrigues (90+5')

Géint eng bosnesch Ekipp, déi ouni hir zwee Stare Pjanic an Dzeko ugetrueden ass, huet Lëtzebuerg vun Ufank un eng engagéiert Leeschtung gewisen. D'Rout Léiwen hunn et dobäi besser gemaach wéi nach géint d'Slowakei a sinn no 6 Minutten mat hirer éischter Chance a Féierung gaangen. Den Olesen konnt no enger schéiner Flank vum Bohnert aus dem Halleffeld zum 1:0 akäppen.

An der Suite ass d'Partie e wéineg verflaacht, ma dat just bis zur 26. Minutt. No engem Foul un de Barreiro sollt et ee Fräistouss fir d'Lëtzebuerger aus geféierlecher Positioun ginn, ma no Agrëff vum VAR gouf decidéiert, dass d'Foul am Strofraum war. De Rodrigues ass ugetrueden an huet vum Punkt d'Nerve behalen, woumat et no enger hallwer Stonn 2:0 fir d'Formatioun vum Luc Holtz stoung.

Lëtzebuerg huet trotz der komfortabeler Féierung weiderhin net nogelooss a virun allem defensiv eng konzentréiert Leeschtung gewisen, soudass d'Bosnier an der éischter Hallschent zu kengem Schoss op de Gol vum Moris komm sinn. An der 42. Minutt hat de Barreiro d'Chance fir nach een dropzesetzen, säin Distanzschoss huet d'Zil awer knapp verfeelt.

Trotz duebelem Wiessel op bosnescher Säit sinn d'Rout Léiwen nees besser aus de Kabinne komm an den Olesen huet de Vasilj am bosnesche Gol direkt zu enger staarker Parad gezwongen. An der 55. Minutt ass de Ball no engem geblockte Schoss vum Rodrigues beim Carlson gelant, deem seng Flank de Mujakic dunn onhaltbar an den eegene Gol zum 3:0 deviéiert huet.

Mat enger däitlecher Féierung hunn d'Lëtzebuerger et dunn an der Suite méi roueg ugoe gelooss, wärend d'Bosnier sech ëmmer méi frustréiert gewisen hunn. An der 78. Minutt gouf den Hamulic du schéin an Zeen gesat, ma hien huet de Ball bei der éischter geféierlecher Aktioun vu Bosnien laanscht de Gol gekäppt. Kuerz drop ass den Demirovic eleng virum Moris opgetaucht, ma och hien huet de Ball net op de Gol bruecht. An der Nospillzäit huet den Augsburger Stiermer du fir de Moris dunn zu senger éischter Parad vum Match gezwongen. Beim entstanene Corner ass den Gojkovic doropshi fräi zum Kappball komm a konnt op 3:1 verkierzen.

Dobäi sollt et awer net bleiwen, well de Rodrigues de bosnesche Golkipp kuerz drop um falsche Fouss erwëscht huet a sou mat engem schéinen Distanzschoss fir d'4:1-Schlussresultat suerge konnt.

No enger offensiv wéi defensiv iwwerzeegender Leeschtung gewënnt Lëtzebuerg soumat och de Réckmatch géint Bosnien héichverdéngt. Trotz dem geplatzten Dram vun der direkter Qualifikatioun hunn d'Rout Léiwen mat dëse 14 gewonnene Punkte eng historesch Campagne realiséiert. Donieft hunn d'Lëtzebuerger sech duerch dëse Succès definitiv déi 3. Plaz am Grupp J geséchert.

All d'Goler vum Match
Staark Lëtzebuerger hunn de Bosnier keng Chance gelooss.

Liechtenstein - Portugal 0:2
0:1 Ronaldo (47'), 0:2 Cancelo (57')

Slowakei - Island 4:2
0:1 Oskarsson (17'), 1:1 Kucka (30'), 2:1 Duda (36', Eelefmeter), 3:1 Haraslin (47'), 4:1 Haraslin (55'), 4:2 Gudjohnsen (74')

De Resumé vun den anere Matcher am Grupp J
Portugal wënnt géint Liechtenstein, d'Slowakei séchert sech d'Qualifikatioun mat Victoire géint Island.

Grupp A

Zypern - Spuenien 1:3
0:1 Yamal (5'), 0:2 Oyarzabal (22'), 0:3 Joselu (28'), 1:3 Pileas (75')

Georgien - Schottland 2:2
1:0 Kvaratskhelia (15'), 1:1 McTominay (49'), 2:1 Kvaratskhelia (57'), 2:2 Shankland (90+3')

De Resumé vun de Matcher am Grupp A
Spuenien wënnt op Zypern, Georgien a Schottland trenne sech 2:2.

Grupp F

Estland - Éisträich 0:2
0:1 Laimer (26'), 0:2 Lienhart (40')

Aserbaidjan - Schweden 3:0
1:0 Mahmudov (3'), 2:0 Dadashov (6'), 3:0 Mahmudov (89')

De Resumé vun de Matcher am Grupp F
Éisträich huet Estland geklappt an den Aserbaidjan konnt sech iwwerraschend géint Schweden duerchsetzen.

Grupp G

Bulgarien - Ungarn 2:2
0:1 Adam (10'), 1:1 Selev (24'), 2:1 Despodov (78', Eelefmeter), 2:2 Petkov (90+7', Selbstgol)

Montenegro - Litauen 2:0
1:0 Kuc (3'), 2:0 Jovetic (48')

De Resumé vun de Matcher am Grupp G
Ungarn séchert sech d'Qualifikatioun a leschter Sekonn, Montenegro klappt Litauen.