Houwald a Lénger trenne sech 5:5

© RTL (Archiv)
Um Weekend stoung am nationalen Dëschtennis-Championnat de 7. Spilldag um Programm.
Um Sonndeg huet den Houwald doheem 5:5 géint Lénger gespillt.
Den Tabelleleader vu Berbuerg huet um Samschdeg an der eegener Hal géint den DT Rued näischt ubrenne gelooss a sech um Enn souverän mat 6:3 duerchgesat. Nodeems Berbuerg 5:1 a Féierung louch huet Rued et nach an d'Dubbel gepackt, ma hei huet de Favorit du gewonnen, woumat Berbuerg och d'Tabelleféierung verdeedegt.
Och den Tabellenzweeten an aktuelle Champion Hueschtert-Foulscht ass senger klorer Favoritteroll géint den Tabelleleschten DT Union gerecht ginn an huet sech doheem däitlech mat 6:1 behaapt.
Een enke Match kruten d'Spectateuren zu Iechternach ze gesinn. Géint Recken konnt keng Ekipp sech ofsetzen, soudass ee sech um Enn mat 5:5 trennt. Fir Iechternach ass et déi éischt Partie vun der Saison, déi een net verléiert.
An och Lëntgen an Diddeleng hu sech beim 5:5-Gläichspill d'Punkte gedeelt. D'Haushäre louchen zwar tëschenzäitlech mat 4:2 a Féierung, ma um Enn sollt et awer just fir zwee Punkten duergoen.