Um 6. Spilldag vum nationale Championnat si bei den Dammen a bei den Hären déi zwou nach ongeschloen Ekippen openee getraff.

Hären

Am Spëtzematch vum Spilldag ass et zum Duell tëscht Luerenzweiler an dem VC Stroossen komm. Béid Ekippen hate bis ewell all Match gewonnen. Et war soumat och ee serréierte Match, deen d'Spectateuren am Uelzechtdall ze gesi kruten. Nodeems d'Stroossener dee ganzen éischte Saz iwwer vir waren a sou och mat 1:0 a Féierung gaange sinn, konnt Luerenzweiler deen zweete Saz du knapp fir sech decidéieren. An der Suite huet de Champion nees d'Kontroll iwwerholl an am drëtte Saz d'Iwwerhand behalen, ma Luerenzweiler huet sech net opginn a konnt nees op 2:2 stellen. Am decisive Saz huet sech déi Stroossener Qualitéit du knapp duerchgesat, soudass d'Partie 2:3 (22:25, 25:23, 18:25, 25:21, 13:15) op en Enn geet. Stroossen bleift domat als eenzeg Ekipp ongeschloen a ka sech un der Tabellespëtzt ofsetzen.

Fir den Tabelleleschten Amber-Lënster gouf et doheem géint Bartreng näischt ze huelen, soudass ee sech mat 0:3 (16:25, 14:25, 10:25) huet misse geschloe ginn.

Trotz engem 0:2-Réckstand huet Iechternach sech géint Fenteng zu kengem Zäitpunkt opginn a konnt sou spektakulär zréckkommen an de Match am fënnefte Saz mat 3:2 (21:25, 20:25, 25:20, 25:21, 15:9) gewannen.

No Réckstand huet de Chev  Dikrech d'Partie géint de VC Belair an der eegener Hal och nach gedréint an um Enn mat 3:1 (22:25, 25:22, 25:13, 25:21) fir sech entscheet.

Resultater Hären

Dammen

Och bei den Dammen ass et um 6. Spilldag zum Spëtzematch tëscht der Gym Volley a Walfer komm. Nodeems d'Gym den éischte Saz mat 25:17 gewanne konnt, hunn d'Walferinnen d'Partie gedréint. Deen zweete Saz ass kloer un d'Gäscht gaangen, an no engem ganz spannenden drëtte Saz stoung et dunn 1:2 aus Siicht vun der Gym. Walfer huet dunn och bis zum Schluss d'Iwwerhand behalen, soudass de Match mat 1:3 (25:17, 11:25, 24:26, 21:25) op en Enn gaangen ass. Den aktuelle Champion bleift domat als eenzeg Ekipp ongeschloen a steet weiderhin ouni Punktverloscht un der Spëtzt.

Den Tabellendrëtte vu Mamer huet sech doheem géint Péiteng däitlech mat 3:0 (25:20, 25:23, 25:13) behaapt. No zwee enken éischte Sätz, déi Mamer allebéid fir sech decidéiere konnt, huet d'Lokalekipp dunn näischt méi ubrenne gelooss. Péiteng huet et domat verpasst, fir an der Tabell méi no u Mamer erunzeréckelen.

Een änlecht Bild huet sech de Spectateuren zu Dikrech gebueden, wou d'Lokalekipp trotz knappen éischte Sätz géint Stengefort 0:2 a Réckstand louch. Um Enn huet de Chev du mat 0:3 (20:25, 22:25, 12:25) de Kierzere gezunn.

Nodeems Bartreng nom éischte Saz nach a Féierung konnt goen, huet den Escher VBC an der Suite d'Partie gedréint an um Enn souverän mat 3:1 (18:25, 25:16, 25:19, 25:16) gewonnen.

Resultater Dammen