Lëtzebuerg setzt sech an Ënnerzuel géint Liechtenstein duerch

© Roland Miny / pressphoto (Archiv)
Am leschte Match vun der EM-Campagne huet sech Lëtzebuerg an Ënnerzuel schwéier gedoen, um Enn awer verdéngt a Liechtenstein mat 1:0 gewonnen.
Vum Fussballeresche war de Match e Sonndeg net onbedéngt ee Genoss ze kucken. Et goufe vill Zweekämpf a vill Ënnerbriechunge well Spiller hu misse behandelt ginn.
Trotzdeem war et och ee Match deen op seng Manéier an d'Geschicht vum Lëtzebuerger Fussball wäert agoen. Net nëmme wéinst dem Resultat, mä och wéinst ronn 400 Lëtzebuerger Supporter, déi d'Partie a Liechtenstein zu engem Heemmatch gemaach hunn.
Aus Lëtzebuerger Siicht hat de Match alles anescht wéi gutt ugefaangen. Schonn an der 5. Minutt huet den Danel Sinani no enger Rouder Kaart wéinst engem Foul misse vum Terrain. Déi franséisch Arbittesch hat fir d'éischt op giel decidéiert, ma no der Analys vun de Biller hat si sech anescht decidéiert. Eng Kaart mat Konsequenzen, well de Spiller vu St .Pauli domadder fir d'Nations-League-Playoffs gespaart ass.
D'Rout Léiwen haten zwar d'Kontroll vum Match, konnte sech awer keng Onmass vu Chancen erausspillen.
Erléist gouf d’Ekipp vum Luc Holtz dunn an der 69. Minutt. No enger Flank vum Florian Bonert konnt de Gerson Rodrigues de Ball fir den 1:0 erakäppen. Duerno ass net méi all ze vill geschitt an domadder ass et bei der 1:0-Victoire bliwwen.
Domadder goung e Sonndeg eng Campagne op en Enn, déi sécherlech an d'Geschichtsbicher wäert agoen. Engersäits duerch deen neien Rekord vun 17 Punkten, mä och duerch zwee manner gutt Matcher géint Portugal, no deene sech d'Rout Léiwen awer béid Kéieren nees gesammelt hunn.
D'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft an Däitschland d'nächst Joer ass nach net vum Dësch. Am Mäerz stinn d'Play-Offs an der Nations League virun der Dier. Onkloer ass bis dato, nach wéi de Géigner heescht a wien den Nationaltrainer ass. Dem Luc Holtz säi Kontrakt leeft jo bekanntlech Enn des Jores aus.
Portugal huet donieft am Grupp J de Maximum vun 30 Punkte kritt. D'Slowakei konnt de Match a Bosnien och gewannen.
Am Grupp G huet sech Serbien den Ticket fir d'EM an Däitschland niewent Ungarn geséchert. De Serben ass e Remis géint Bulgarien duergaangen. Den Noper Montenegro ass no enger Néierlag géint Ungarn bei der EM net mat dobäi.
Spuenien huet de leschte Match Grupp A fir sech entscheet. En 3:3-Remis gouf et tëschent Schottland an Norwegen.
Am Grupp F huet sech d'Belsch no enger Victoire géint den Aserbaidjan déi 1. Plaz gekroopt.
Grupp J
Liechtenstein - Lëtzebuerg 0:1
0:1 Gerson Rodrigues (69')
De Match zu Vaduz ass aus Lëtzebuerger Siicht net gutt lassgaangen. No engem Feeler vum Sinani op den Hasler, huet d'Arbittesch Stéphanie Frappart de Mëttelfeldspiller mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat. Et waren nach keng 5 Minutte gespillt an d'Gäscht hunn an der Suite misse mat 10 Mann weiderspillen. Lëtzebuerg huet trotzdeem fréi gepresst an hat an 12. Minutt no enger gudder Flank vum Jans déi éischt kleng Geleeënheet. Liechtenstein huet sech just seelen no vir getraut a konnt sech aus dem Spill och keng Chancen erausspillen. Awer och d'Rout Léiwen hu sech mat engem Mann manner schwéier gedoen a konnten no vir keng Akzenter setzen. Eng geféierlech Aktioun gouf et an der 35. Minutt. Dem Olesen säi Schoss gouf no engem Konter awer geblockt. Bei Lëtzebuerg huet d'Konzentratioun nogelooss an d'Bäll si liicht verluer gaangen. D'Heemekipp konnt awer net entscheedend profitéieren. Kuerz virun der Paus gouf et den eenzege Schoss op de Gol. De Vincent Thill ass awer um Büchel hänke bliwwen.
Nom Säitewiessel haten d'Gäscht déi éischt grouss Chancen. No engem Konter iwwer de Rodrigues huet de Büchel op en Neits géint de Vincent Thill paréiert. Kuerz drop huet de Golkipp och dem Gerson Rodrigues säi Kappball gehalen. Liechtenstein koum op der anerer Säit och geféierlech no vir. Dem Salanovic huet säi Schoss awer net cadréiert krut. Nodeems nees vill Ënnerbriechungen de Spillfloss gestéiert hunn, hat Liechtenstein déi grouss Méiglechkeet, den 1:0 ze markéieren. No enger flotter Pass an Déift war dem Salanovic säi Schoss awer ze harmlos. Am Géigenzuch ass du Lëtzebuerg a Féierung gaangen. No enger Flank vum Bohnert huet de Gerson Rodrigues de Ball mam Kapp am Filet ënnerbruecht.
Liechtenstein hat näischt méi dogéint ze setzen, sou datt et bis zum Schluss beim 1:0 fir Lëtzebuerg bliwwen ass.
Bosnien - Slowakei 1:2
1:0 Hrosovsky (49', Selbstgol), 1:1 Bozenik (52'), 1:2 Satka (71')
Portugal - Island 2:0
1:0 Fernandes (37'), 2:0 Horta (66')
Grupp A
Schottland - Norwegen 3:3
0:1 Donnum (3'), 1:1 McGinn (13', Eelefmeter), 1:2 Strand Larsen (20'), 2:2 Östigard (33', Selbstgol), 3:2 Armstrong (59'), 3:3 Elyounoussi (86')
Spuenien - Georgien 3:1
1:0 Le Normand (4'), 1:1 Kvaratskhelia (10'), 2:1 Torres (55'), 3:1 Lochoshvili (72', Selbstgol)
Grupp F
Belsch - Aserbaidjan 5:0
1:0 Lukaku (17'), 2:0 Lukaku (26'), 3:0 Lukaku (30'), 4:0 Lukaku (37'), 5:0 Trossard (90')
Schweden - Estland 2:0
1:0 Claesson (22'), 2:0 Forsberg (55')
Grupp G
Ungarn - Montenegro 3:1
0:1 Rubezic (36'), 1:1 Szoboszlai (66'), 2:1 Szoboszlai (68'), 3:1 Nagy (90+3')
Serbien - Bulgarien 2:2
1:0 Veljkovic (17'), 1:1 Rusev (69'), 1:2 Despodov (69'), 2:2 Babic (82')