Um 8. Spilldag vun der Audi League huet den DT Recken d‘Playoff-Hoffnungen um Liewe gehalen.

Den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht konnt sech kloer mat 6:1 géint Lénger duerchsetzen.

Mam nämmlechte Resultat gewënnt den Houwald zu Diddeleng, iwwerdeems Iechternach däitlech 6:0 géint d‘Union gewënnt.

Am Kampf ëm de Playoff gouf et zwou enk Partien. Rued setzt sech mat 6:3 géint Lëntgen duerch a Recken erkämpft sech ee ganz wichtege Remis géint den Tabelleleader Berbuerg. Den nächste Spilldag fält dann am direkten Duell tëscht Rued a Recken d‘Decisioun, wie sech déi lescht Plaz am Playoff séchert.

D'Resultater am Iwwerbléck