Recken an den Houwald séchere sech lescht zwou Plazen am Playoff
Am Dëschtennis war de Weekend den 9. an domat leschte Spilldag vun der Virronn, un deem sech decidéiert huet, wien an d'Playoffs anzitt.
An där fir béid Ekippe bis ewell wichtegster Partie vun der Saison huet den DT Rued sech géint den DTRecken an der eegener Hal knapp mat 4:6 misse geschloe ginn. Dës Victoire eleng ass de Reckener awer net duergaangen, fir sech fir de Playoff ze qualifizéieren. Well den Houwald sech e Sonndeg awer mat 6:2 géint Lëntgen duerchgesat huet, sinn den DT Recken an den DT Houwald fir d'Playoffs qualifizéiert.
Berbuerg ass iwwerdeems senger Favoritteroll géint den DT Union Lëtzebuerg gerecht ginn a konnt sech um Enn souverän mat 6:3 duerchsetzen. Et war scho virun der Partie kloer, dass Berbuerg et géif an d'Playoffs packen, wärend den DT Union keng Chance méi hat.
Och an der Partie tëscht Iechternach a Lénger stoung keng Ekipp méi ënner Drock. Um Enn trennt ee sech sou mat engem 5:5. Lénger huet de Sprong an d'Playoffs gepackt, iwwerdeems Iechternach als Tabellennéngten net ëm den Titel spille wäert.
Den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht konnt sech mat 6:1 géint Diddeleng behaapten.