Am nationale Championnat stoung um Samschdeg den Owend bei den Dammen a bei den Hären den 8. Spilldag um Programm.

Hären

De VB Amber-Lënster huet géint den haushéije Favorit aus Stroossen eng kloer Defaite missen astiechen. Mat 0:3 (13:25, 13:25, 15:25) huet den Tabelleleschte sech géint den Titelverdeedeger an Tabelleleader geschloe ginn, deen domat weider ongeschloe bleift.

Eng méi ausgeglache Partie gouf et zu Iechternach, wou d'Lokalekipp op de Chev Dikrech getraff ass. Nodeems et no zwee ganz enke Sätz 1:1 stoung, huet Iechternach am drëtte Saz knapp de Kierzere gezunn an huet um Enn mat 1:3 (24:26, 25:20, 22:25, 18:25) verluer.

Resultater Hären

Dammen

Zu Mamer hat d'Lokalekipp keng Problemer mam Chev Dikrech a konnt sech däitlech mat 3:0 (25:13, 25:8, 25:11) duerchsetzen. Mamer festegt domadder déi drëtt Tabelleplaz, wärend Dikrech weider mat enger Victoire aus aacht Matcher op der zweetleschter Plaz bleift.

Ee méi spannende Match kruten d'Spectateuren vum Duell tëscht dem Escher VBC a Walfer gebueden. Ma och hei konnt de Favorit senger Roll um Enn gerecht ginn a sech esou souverän mat 3:0 (25:17, 25:19, 25:16) behaapten.

Resultater Dammen