Luerenzweiler ka sech zu Iechternach duerchsetzen. Bei den Damme gewënnt Mamer beim GYM.

Am nationale Championnat stoung um Samschdeg den Owend bei den Dammen a bei den Hären den 9. Spilldag um Programm.

Hären
Eng éischter iwwerraschend Defaite huet Bartreng missen doheem géint Fenteng verdauen. Huet et um Ufank vum Match nach ganz gutt ausgesi fir Bartreng, louch een dach mat 2:0 an de Sätz a Féierung. Dono hu Steve Weber a Co. an den entscheedende Momenter d'Spillgléck net op hirer Säit gehat, an esou konnt Fenteng op 2:2 ausgläichen. De leschten an entscheedende Saz sollt Fenteng du relativ kloer mat 15:10 fir sech entscheeden.

Bei den Hären huet dann nach Iechternach doheem mat 0:3 an de Sätz géint Luerenzweiler verluer. 14:25, 16:25 sinn déi éischt zwee Sätz ausgaangen. Den drëtte war wuel méi spannend, sollt um Enn aus Siicht vun der Lokalekipp awer mat 23:25 verluer goen.

E Sonndeg hat Dikrech keng Problemer beim 3:0 géint Amber-Lënster an och Stroossen huet sech ouni Problemer mat 3:0 um Belair behaapt.

Resultater Hären

Dammen

Walfer huet bei der 3:0-Victoire (25:13, 25:8, 25:21) Stengefort keng Chance gelooss a gewënnt däitlech mat 3:0. Een änlecht Bild huet sech och zu Bartreng gewisen, wou d'Lokalekipp mat 0:3 (14:25, 20:25, 16:25) géint Péiteng verluer huet.

De Match tëscht der GYM a Mamer war do scho méi serréiert. Wuel huet d'GYM mat 0:3 (20:25, 27:29, 22:25) verluer. D'Sätz waren awer allen dräi ëmkämpft, an et hu Klengegkeeten den Ënnerscheed gemaach. Mamer ass deemno elo méi no un d' GYM an der Tabell eru geréckelt.

Resultater Dammen