Vum 8. bis den 10. Dezember war d'Lëtzebuerger Ekipp beim Europe Trophy zu Lille am Asaz.

Um Freideg den Owend stoung den Optaktmatch fir Hueschtert/Folscht um Programm. Hei gouf et ganz knapp 2:3-Néierlag géint déi hollännesch Ekipp De Boer Taverzo. E Samschdeg de Mëtteg ass et an der zweeter Partie géint déi Belsch Ekipp Logis Auderghem TT besser gelaf. De Gleb Shamruk, Mats Sandell an de Maël Van Dessel hunn hir Matcher jeeweils mat 3:0 gewonnen. An der drëtter Partie gouf et eng knapp 2:3-Néierlag géint de Favorit vum Turnéier aus Lille an dobäi louchen d'Lëtzebuerger mat 2:0 am Avantage.

Europe Trophy am Dëschtennis/Reportage Franky Hippert

E Sonndeg de Mëtteg waren déi Hueschterter géint d'Englänner vum Fusion TT ugetrueden a konnten dee Match glat 3:0 fir sech entscheeden. Och de Verglach duerno géint de belsche Vertrieder vu Vredinamur huet Hueschtert/Folscht mat 3:1  gewonnen. Domat stoung de Lëtzebuerger Vertrieder mat 9 Punkten op der drëtter Plaz an huet d'Finall knapp verpasst. Den Organisateur Lille Metropole TT an De Boer Taverzo koumen eng Ronn weider.

"D'Enttäuschung war natierlech grouss, well een duerch déi super enk Nidderlagen no um Erfolleg dru war. Virun allem huet de mentale Plang den Ënnerscheed gemaach.", seet de Kevin Kubica vun Hueschtert/Folscht. "An der entscheedender Phas huet eis vläicht dat néidegt Selbstvertraue gefeelt. Vläicht huet eis och d'Chance a vläicht d'Mentalitéit gefeelt, fir eis ze soen: déi do kënne mer packen."