Novotel-Cup vum 27. bis 29. Dezember an der Coque

Wéi d'Lëtzebuerger Volleyballfederatioun matgedeelt huet, ass déi 34. Editioun vum traditionelle Natiounentournoi dëst Joer tëschent de Feierdeeg.
Vum 27. bis de 29. Dezember spillen d’Lëtzebuerger Hären am Gymnase vun der Coque géint England an d’Nowuessekippen aus Éisträich a Frankräich. Fir d’Lëtzebuerger Damme steet en duebele Vergläich mat der Nowuessekipp aus Éisträich um Programm.
Weiderhin huet d’FLVB matgedeelt, datt hir U20-Nationalekippe vum 3. bis 7. Januar eng éischte Kéier un der MEVZA, also der Middle European Volleyball Zonal Association, Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft participéiere wäerten.
Am Mee spillen d'Dammen dann an der Silver League an d'Häre goufen op Grond vun hirem europäesche Klassement an d'Golden League eropgestuuft.