Rued huet sech knapp géint den Titelverdeedeger Houwald duerchgesat. Berbuerg an Hueschtert-Folscht hu sech souverän fir d'Halleffinalle qualifizéiert.

Recken huet sech an der Véierelsfinall knapp an iwwerraschend mat 4:3 géint Lénger duerchgesat. Am decisiven Dubbel hat och alles no enger Lénger Victoire ausgesinn, well de Gilles Michely an de Christian Kill hei schonns mat 8:2 am Avantage waren, ma d'Koppel Keinath/Wantz huet de Match nach gedréint.

Rued huet och mat 4:3 géint den Houwald gewonnen. Domat ass den Titelverdeedeger eliminéiert. Och hei huet d'Decisioun missen am Dubbel falen. No engem tëschenzäitlechen 0:3-Réckstand hat den Houwald sech gutt zeréckkämpft, ma am Dubbel sollt et esou just net duergoen.

Diddeleng hat géint Berbuerg keng Chance an huet mat 1:4 verluer. Den Alexis Mommessin huet fir deen eenzegen Diddelenger Punkt gesuergt.

De Favorit Hueschtert-Folscht huet och däitlech mat 4:2 géint Iechternach d'Iwwerhand behalen. Eenzeg de Cédric Merchez op Iechternacher Säit konnt seng Matcher gewannen.

Bei den Dammen hunn et iwwerdeems Rued, Ettelbréck, den Houwald a Recken an d'Halleffinalle gepackt. Bartreng, Lenneng, Diddeleng an Nidderkäerjeng sinn also eliminéiert.

D'Resultater am Iwwerbléck

Resultater