Sprint-Victoire fir Doll a Braisaz-Bouchet

© AFP
De Weekend mécht de Biathlon-Weltcup zu Oberhof an Däitschland Statioun.
E Freideg gouf et fir déi däitsch Biathleete beim Heem-Weltcup e perfekte Start. De Benedikt Doll huet bei den Hären de Sprint gewonnen. Hien hat e Virsprong vun 1,8 respektiv 5,4 Sekonnen op déi zwee Norweger Sturla Holm Laegreid an Endre Stromsheim. Déi dräi Sportler haten ee Mol derlaanscht geschoss.
Bei den Damme gouf et eng franséisch Victoire duerch d'Justine Braisaz-Bouchet. Trotz zwee Feeler huet si sech mat enger Avance vu 4,4 Sekonne virum Franziska Preuß (kee Feeler) aus Däitschland behaapt. Um Podium stoung nach d'Franséisin Sophie Chauveau. Si hat mat engem Schéissfeeler e Retard vu 4,60 Sekonnen.