Aus dem Dëschtennis ass et d‘Nouvelle, datt de Luka Mladenovic de Club aus der 1. Bundesliga no der Saison verléisst.

Dat huet de Lëtzebuerger Nationalspiller en Dënschdeg op Instagram matgedeelt. Wou den zweefache Lëtzebuerger Champion am Eenzel an Zukunft spille wäert, huet hien nach net annoncéiert.

De Mladenovic huet siwe Joer zu Mainz gespillt. Ugefaangen huet hien an der zweeter Ekipp, ier hie sech an d‘éischt Ekipp eropgekämpft huet an als wichtege Pilier vun der Ekipp och den Opstig an déi éischt Bundesliga mat realiséiert huet.