Wie gëtt Champion am nationalen Handball?

© Val Wagner
Am nationalen Handball fänkt e Samschdeg den Titel-Playoff bei den Dammen an den Hären un.
Hären
Momentan steet den HC Bierchem mat 6 Punkten Avance op Diddeleng op der 1. Plaz an der Tabell. Fir déi Réiserbänner wier et deen éischte Championstitel zanter 2011. Eréischt ee Match huet d'Ekipp vum Trainer Marko Stupar dës Saison verluer. Am September huet ee sech 28:32 géint d'Red Boys Déifferdeng misse geschloe ginn. Déi komfortabel Avance vu 6 Punkte léisst den HC Bierchem vum Championstitel dreemen. Nieft der stabiller Defense an hirer offensiver Duerchsetzungskraaft konnten déi Réiserbänner sech ëmmer nees op hir individuell Qualitéit verloossen.
"Wann een iwwert eng ganz Saison eppes wëll erreechen, da brauch ee sécherlech eng gutt Defense an ee gudden Ugrëff", seet de Ben Weyer. "Dat eent geet net ouni dat anert. Wann d’Ekippeleeschtung eng Kéier net déi bescht ass, dann hunn mir och Individualitéiten, déi dëst Joer richteg weisen, wat se kënnen. Do zielt natierlech de Yann Hoffmann dozou, mä och aner Spiller hannendrun, déi kloer Leeschtunge weisen, déi ee brauch, fir uewe matzespillen."
D'Iwwerraschung vun der Saison ass sécherlech den HB Diddeleng. No dem personellen Ëmbroch am Summer steet d'Ekipp vum Martin Hummel op der zweeter Plaz an der Tabell. Batter fir den HBD ass den Ausfall vum Ojie Etute fir den Ufank vum Playoff, dofir schafft den Dan Mauruschatt u sengem Comeback. Hie soll awer als éischt emol als Noutléisung am Fall vu weidere Blessuren an den Asaz kommen. Fir de weidere Verlaf vun der Saison steet och nach ee Fragezeichen hannert dem Nationalspiller. Wat ass da fir de Rescht vun der Saison d'Zil?
"No deem éischten Deel vun der Saison kënne mir eis als Zil setzen, fir op enger europäescher Plaz ze bleiwen. Donieft hu mir et och an d’Halleffinall vun der Coupe an der Coque gepackt," resuméiert den Tommy Wirtz. "Do soe mer eis: "Never say never". An der Coque ass nëmmen nach ee Match bis an d’Finall an ee Match, bis een déi Coupe kéint kréien. Och do rechnen ech eis Chancen aus."
Fir déi Déifferdenger ass d’Saison net esou gelaf, wéi ee sech dat erwaart huet. Trotz der beschter Defense vum Championnat steet ee punktgläich mat Diddeleng mat 6 Punkte Retard op Bierchem op der 3. Plaz an der Tabell. Ouni de blesséierten Dan Scheid wier de Coupe-Gewënn déi lescht Méiglechkeet, d’Saison nach erfollegräich ofzeschléissen. De 25. Abrëll spillen d’Red Boys an der Coque géint Dikrech.
Dat nämmlecht gëllt fir den HB Käerjeng. Och zu Käerjeng hat ee sech dës Saison méi wéi nëmme Plaz 4 erwaart. Zwar läit een nëmmen 1 Punkt hannert dem HBD an de Red Boys an awer wollt een nom Vizechampionstitel d’lescht Joer dës Saison ëm d’Meeschterkroun matspillen. An der Coupe huet een am November d’lescht Saison géint Diddeleng de Kierzere gezunn. Domadder ass een Titel dës Saison zimmlech onwarscheinlech.
Datt den Handball Esch et dës Saison géing schwéier kréien, war gewosst. Nom Récktrëtt vum Sascha Pulli an dem Martin Müller geet de Champion vu Plaz 5 (15 Punkten) an de Playoff. Mat der 30:28-Victoire géint d’Red Boys Déifferdeng viru ronn zwou Woche konnt ee fir eng kleng Iwwerraschung suergen. An der Halleffinall vun der Coupe kritt d’Ekipp vum Adrian Stot et mat Diddeleng ze dinn. Am Fall vun enger Néierlag wier et fir déi Escher déi éischt Saison ouni Titel zanter 2018.
Op der Säit vum CHEV Dikrech wäert een zefridde mam Verlaf vun der Saison sinn. Net nëmmen iwwert eng weider Participatioun am Titel-Playoff, mä déi Dikrecher stinn och fir déi zweete Kéier hannerteneen am Final Four vun der Coupe. D’Ekipp vum neien Trainer Werner Klöckner huet deemno Planungssécherheet fir d’Zukunft.
Bierchem kritt et e Samschdeg um 1. Spilldag vum Playoff auswäerts mat Dikrech ze dinn. Donieft ass Diddeleng bei de Red Boys Déifferdeng op Besuch an den Handball Esch spillt e Sonndeg géint Käerjeng.
Dammen
Bei den Dammen ass den Ecart tëscht den éischten dräi Ekippe manner kleng. De Champion Käerjeng läit fir den Optakt vum Playoff ee Punkt virun de Coupe-Gewënnerinne vum HB Diddeleng. Do hannendrun kënnt de CHEV Dikrech mat 3 Punkte Retard op Käerjeng.
Komplettéiert gëtt den Titel-Playoff am Championnat vun de Red Boys Déifferdeng, dem Handball Esch an dem HB Museldall. Um éischte Spilldag ass Käerjeng e Samschdeg beim HB Museldall op Besuch. Esch kritt et mat Déifferdeng ze dinn. An den HB Diddeleng fiert op Dikrech.
Wat d’Coupe ugeet, sti souwuel Käerjeng wéi och Diddeleng an der Halleffinall. Do kréie béid Ekippen et de 26. Abrëll mat de Red Boys Déifferdeng respektiv dem HC Standard ze dinn.