En Owend fir ze vergiesse fir Diddeleng

© RTL / Serge Olmo
D'Red Boys iwwerrennen den HBD 39:25. Bierchem hat keng Problemer zu Dikrech. Am Dammechampionnat hu sech d'Favoritten duerchgesat.
Axa League Hären
Den HB Diddeleng war nieft Bierchem bis elo déi Iwwerraschung vun der Saison. D'Diddelenger Fiiss si sech awer nom 25:39 zu Déifferdeng wuel bewosst, dass et nach e wäite Wee ass. Dobäi hat de Match fir den HBD net schlecht ugefaangen. Déi éischt 15 Minutte waren ausgeglach (7:6), mee duerno hunn d'Red Boys den Turbo gezünt a si bis zur Paus op 17:11 dovu gezunn.
Well Diddeleng an der zweeter Hallschent siwe Minutte gebraucht huet, fir den éischte Gol ze schéissen, ass den Ecart ëmmer weider gewuess. Ab engem gewësse Moment ass beim HBD näischt méi gelaf, och well den Déifferdenger Golkipp Mudrinjak eng Rei flott Parade gewisen huet, an et huet ee sech sengem Schicksal erginn. Den Elledy Fernandes (9 Goler) an de Baptiste Aillaud (7) hunn am meeschte fir Déifferdeng markéiert, op Diddelenger Säit war et de Kapitän Tommy Wirtz (8 Goler).
Den Tabelleleader HC Bierchem huet sech beim 38:27 zu Dikrech keng Bléisst ginn. D'Réiserbänner hunn de Match vun Ufank un dominéiert, och wann de Chev kuerzzäiteg nees untocke konnt. Nodeems et an der Paus 18:13 aus Bierchemer Siicht stoung, ass de Virsprong ëmmer weider gewuess, fir um Enn bei 38:27 ze landen. Dem Bierchemer Charel Brittner sinn am Match 10 Goler gelongen, dem Bogdan Stoean vun Dikrech der 8.
Um Sonndeg huet den HB Esch den HB Käerjeng geiergert a mat 30:27 geklappt. An enger Partie mat villen Zäitstrofen war et eng ëmkämpft éischt Hallschent. Bis zur 15. Minutt ware béid Ekippe gläichop, Käerjeng konnt sech bis zur Paus op 15:12 ofsetzen. D'Gäscht aus der Brauereistad waren och besser an déi zweet Hallschent gestart an haten op eemol eng Avance vu sechs Goler, mee Esch huet mat engem 7:1-Laf gekontert an no 45 Minutte stoung et erëm gläich. An der Crunchtime hat d'Ekipp vum Trainer Adrian Stot dat néidegt Gléck an huet elo an der Tabell just nach zwee Punkte Réckstand op Käerjeng.
An der Relegatioun hu sech mat Rëmeleng, Schëffleng an dem Standard d'Favoritten duerchgesat. Rëmeleng huet dem Museldall beim 49:26 keng Chance gelooss, genee wéi Schëffleng beim 47:22 géint Miersch. De Standard huet Bieles mat 37:27 geklappt.
Spillplang Häre Playoff
Axa League Dammen
Nodeem sech den HB Diddeleng ënnert der Woch vum Trainer Yannick Archer getrennt a mam Mikel Molitor a Luc Didion en neien Trainer-Duo installéiert hat, huet sech d'Ekipp ronderëm d'Kapitänin Kim Wirtz am éischte Match vum Titel-Playoff géint Dikrech net iwwerrasche gelooss; Dikrech hat virun e puer Wochen dem HB Käerjeng e Bee gestallt.
Diddeleng konnt sech direkt mat engem 10:1-Laf ofsetzen a fir kloer Verhältnisser suergen. Dikrech konnt de Score bis zur Paus op 6:14 stellen, huet awer och an der zweeter Hallschent ni wierklech Zougrëff op d'Diddelengerinne kritt an um Enn kloer a verdéngt mat 12:28 de Kierzere gezunn. Bescht Werferin um Terrain war d'Dea Dautaj (HBD) mat 8 Goler.
Den HB Käerjeng bleift och nom éischte Match vum Playoff Tabelleleader. Den amtéierende Champion huet sech souverän mat 30:17 beim HB Museldall duerchgesat. De Museldall konnt d'Ufanksphas ausgeglach gestalten, mee no 20 Minutten ass Käerjeng dovu gezunn; an der Paus stoung et 16:9 fir d'Gäscht. An der zweeter Hallschent hu béid Ekippen de Score quasi nach eng Kéier verduebelt. Bescht Scorerin vum Match war d'Anais Huberty vum HBM, bei Käerjeng war et d'Lena Kirtz mat 6 Goler.
D'Red Boys Déifferdeng gewannen 28:24 beim HB Esch. An engem serréiert geféierte Match konnt sech Déifferdeng eréischt kuerz virun der Paus eng éischt Kéier mat dräi Goler ofsetzen. No der Paus ass de Virsprong vun de Rouden tëscht 3 a 5 Goler gependelt, fir sech um Enn mat 28:24 duerchzesetzen. D'Noémie Hoffmann vun Esch (10 Goler) an d'Mirela Kozar (8 Goler) op Déifferdenger Säit waren déi bescht Scorerinnen.