Esch a Luerenzweiler zéie souverän an d'Halleffinall an

© AFP / Archiv
Um Samschdeg sinn an der Coupe bei den Dammen a bei den Hären eng Rei Véierelsfinalle ausgedroe ginn.
Hären
An der éischter Véierelsfinall bei den Häre konnt Esch sech mat 3:1 zu Walfer duerchsetzen. Nodeems d'Gäscht sech an deenen éischten zwee Sätz souverän behaapt hate konnt Walfer den drëtte Saz mat 26:24 fir sech entscheeden. Esch huet et awer net zum decisive Saz komme gelooss a steet domat an der Halleffinall.
Luerenzweiler huet an der zweeter Partie vum Samschdeg näischt ubrenne gelooss a Fenteng um Enn däitlech geklappt. No 25:19, 25:17 a 25:20 konnt ee sech mat 3:0 duerchsetzen an sech esou eng Plaz an den Halleffinalle sécheren.
Um Sonndeg ginn nach déi zwou lescht Véierelsfinallen tëscht der Gym an Iechternach an tëscht Stroossen an Dikrech gespillt.
D'Resultater vun den Hären
Dammen
Nodeems Walfer sech schonn am Januar zu Stroossen eng Plaz an den Halleffinalle geséchert hat, stoungen um Samschdeg déi aner dräi Véierelsfinallen um Programm.
Am éischte Match konnt Mamer senger Favoritteroll gerecht ginn. No engem knappen éischte Saz beim Zweetligist zu Iechternach hunn d'Mamer Dammen an der Suite näischt méi ubrenne gelooss an däitlech mat 3:0 gewonnen.
Och zu Wolz huet den Drëttligist sech trotz enger gudder Leeschtung misse kloer mat 0:3 géint d'Gym geschloe ginn, woumat och d'Gym souverän an d'Halleffinall anzéie kann.
Am spannendsten Duell stounge sech mat Stengefort a Péiteng de 5. an de 4. am Championnat géigeniwwer. Nodeems den éischte Saz relativ kloer u Péiteng gaangen ass konnt Stengefort op 1:1 stellen. Och am drëtte Saz huet Péiteng d'Iwwerhand behalen, ma et huet du laang duerno ausgesinn, wéi wann et géif an ee fënnefte Saz goen. Péiteng konnt awer nach de véierte Saz zu Stengefort dréinen a sech mat dësem 3:1 déi lescht Plaz an den Halleffinallen sécheren.