Déi Lëtzebuerger Dammen Handballnationalekipp spillt e Mëttwoch um 18.45 Auer an der EM-Quali an der Coque um Kierchbierg géint d'Färöer Inselen.

D'Häre vun der Schofsinsel waren elo an Januar op der Schlussphas vun der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi. De Franky Hippert huet nogefrot, wéi staark dann d'Damme vun de Färinger dann anzeschätzen sinn.

Dammenhandball FLH/Reportage Franky Hippert

Op de Färöer Inselen liewe ronn 55.000 Leit. An dach bréngt déi kleng Insel et fäerdeg, sportlech ëmmer nees vu sech schwätzen ze dinn. Fir de Lëtzebuerger Dammen-Handballnationaltrainer Alex Scheubel huet dat virun allem och eppes mam politesche Wëllen ze dinn.

D'fréier Handballprofi an Däitschland a Kapitänin vun de Roude Léiwinnen Tina Welter weess, wat lo an der Europameeschterschaftsqualifikatioun op si an hir Matspillerinnen duerkënnt. Fir d'Tina Welter ass et och wichteg, lo an Zukunft déi jonk talentéiert Spillerinnen, déi do sinn, anzebannen an hinnen och scho Responsabilitéit ginn, wa se sportlech sech weiderentwéckele wëllen.