E Mëttwoch den Owend hunn d'Lëtzebuerger Dammen an der EM-Qualifikatioun géint d'Färöer Insele gespillt.

D'FLH-Dammen haten ee gudde Start erwëscht a konnte mat 2:1 a Féierung goe géint déi favoriséiert Géignerinnen. An der Suite hunn d'Gäscht dunn awer e bëssen opgedréint an och hir Golkipperin huet e puer wichteg Arrête gemaach. No knapp 14 Minutte stoung et dunn 8:3 fir d'Färöer Inselen. Bis zur Paus konnten d'Lëtzebuerger Damme sech awer nees ganz liicht erukämpfen, dat beim Stand vun 9 zu 16.

Den Trainer Alexandre Scheubel huet de ganze Match iwwer och vill rotéiert an och ville ganz jonke Spillerinnen eng Chance ginn. Déi jonk FLH-Dammen hu sech deels dann och ganz gutt presentéiert, och wann d'Färöer Inselen nach eng Nummer ze grouss waren.

D'Gäscht waren nämlech gutt aus der Paus komm a konnten hir Avance direkt ëm e puer Goler vergréisseren. Nawell hunn d'Lëtzebuergerinne bis zum Schluss gekämpft. Schlussendlech verléiere si de Match awer mat 16:34.

E Sonndeg spillen d'Lëtzebuerger Dammen dann op de Färöer Inselen nach eemol géint den nämmlechte Géigner.