Déifferdeng verschenkt Victoire an de leschte Minutten

© Serge Olmo
Bierchem bleift no der haart ëmkämpfter Victoire géint Käerjeng Tabelleleader, Diddeleng feiert eng kloer Victoire géint Dikrech.
Méi spannend hätt d’Schlussphas zu Esch net kënne sinn. Mat der leschter Aktioun gewënnt den HB Esch25:24 géint d’Red Boys Déifferdeng. An enger éischter Hallschent mat villen Zäitstrofen a Siwemeteren hat d’Red Boys besser an de Match fonnt. No enger gudder Véierelsstonn ass Déifferdeng an e klengt Lach gefall an Esch
konnt sech, och duerch e Wiessel vum Golkipp, nees erukämpfen. Dat Lach war awer just vu kuerzer Dauer an d’Déifferdenger Attack war nees lancéiert, ënnerstëtzt vun enger Rei Parade vun hirem Golkipp Mudrinjak. Sou konnt Déifferdeng bis zur Paus op 12:8 dovun zéien.
Bis zur 45. Minutt hat Déifferdeng wéi de séchere Gewënner ausgesinn, och well Esch sech vill technesch Feeler erlaabt hat. Duerno huet d’Ekipp vum Trainer Nikola Malesevic nees opgehalen Handball ze spillen, a sou ass den HB Esch nees an de Match komm. An der 57. Minutt koumen d’Escher zum verdéngten Ausgläich. No
engem Déifferdenger Ballverloscht 10 Sekonne viru Schluss konnt de Moritz Barkow nach den decisive Gol fir seng Faarwe markéieren.
Bierchem setzt sech no haardem Kampf 36:31 géint Käerjeng duerch. D’Gäscht hu sech no der héijer Néierlag géint Diddeleng am viregte Match gutt zeréckkaaft an déi éischt Hallschent ausgeglach gestalt. D’Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic hat d’Nues iwwer laang Zäit vir. Bierchem ass ëmmer engem Réckstand hannendru gelaf a konnt eréischt an der 26. Minutt déi éischt Kéier a Féierung goen. Beim Stand vu 17:17 goung et an d’Kabinnen. Och nom Säitewiessel blouf de Match ëmkämpft, bis Bierchem sech an der 51. Minutt eng Avance vun 3 Goler erausspille konnt. Dës Avance hunn d’Réiserbänner dann nach bis zum Schluss ausgebaut. De Yann Hoffmann war mat 12 Goler beschte Buteur vum Match.
Den HB Diddeleng setzt sech souverän mat 32:24 géint de Chev Dikrech duerch. Dikrech konnt déi éischt 15 Minutte gutt mathalen an huet d’Diddelenger Attack zäitweis viru Problemer gestallt, duerno huet sech den HBD awer eng komfortabel Avance erausgespillt, déi an der Paus bei 5 Goler louch (15:10). Trotz engem kuerzen Tëschelaf vum Chev no der Paus (18:16) huet Diddeleng de Match um Enn kontrolléiert op en Enn bruecht an ass domat punktgläich mam
Tabellenzweeten Déifferdeng.
An der Relegatioun huet Rëmeleng de Spëtzematch vum 3. Spilldag am Playoff fir sech entscheet. D’Ekipp aus dem Käldall setzt sech mat 40:29 géint den HC Standard duerch. Am zweete Match um Samschdeg hat Schëffleng beim 44:25 keng Problemer mat Bieles. E Sonndeg huet Miersch 25:22 géint de Museldall gewonnen.