Stroossen klappt Dikrech, Bartreng wënnt zu Luerenzweiler

© RTL (Archiv)
Um Samschdeg gouf am Volleyball bei den Dammen a bei den Hären den éischte Spilldag vun den Halleffinallen am Championnat gespillt.
An der Partie tëscht Stroossen an Dikrech huet et nom éischte Saz no enger dominanter Victoire fir d'Haushären ausgesinn, ma Dikrech huet am zweete Saz gutt dogéint gehalen a sech dunn och mam Sazausgläich belount. An der Suite war géint déi Stroossener allerdéngs kee Kraut méi gewuess, déi sech um Enn mat 3:1 (25:12, 22:25, 25:17, 25:8) duerchsetzen an um nächste Sonndeg an d'Finall anzéie kënnen.
Am zweeten Duell tëscht Luerenzweiler a Bartreng kruten d'Spectateuren ee Match op Aenhéicht ze gesinn. Nodeems Luerenzweiler den éischte Saz ganz knapp fir sech decidéiere konnt, waren déi nächst zwee Sätz och haart erkämpft, ma zweemol mam besseren Ausgang fir d'Bartrenger. Och dee véierte Saz war nees ganz enk an um Enn konnt d'Lokalekipp sech mat 28:26 duerchsetzen an een decisive Saz erzwéngen. Op en Neits war et ee ganz enke Saz, an deem Bartreng um Enn d'Iwwerhand behält, woumat de Match mat 2:3 (25:23, 19:25, 23:25, 28:26, 12:15) op en Enn geet. E Samschdeg ka Bartreng sech da fir d'Finall qualifizéieren.
Am Playdown huet Amber-Lënster doheem mat 0:3 géint Iechternach de Kierzere gezunn, iwwerdeems um Sonndeg nach de Match tëscht dem Belair a Fenteng usteet.
Resultater Hären
Dammen
Bei den Dammen ass Walfer senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech souverän mat 3:0 (25:17, 25:15, 25:15) géint Péiteng duerchgesat. D'Lokalekipp huet zu kengem Zäitpunkt Zweiwel opkomme gelooss wien um Samschdeg sollt als Gewënner vum Terrain goen a wënnt domat verdéngt. Nächste Samschdeg steet dann déi zweet Partie zu Péiteng um Programm.
An der zweeter Halleffinall huet d'Gym sech iwwerraschend däitlech mat 0:3 (21:25, 13:25, 20:25) géint Mamer misse geschloe ginn. No engem knappen éischte Saz huet d'Gym bis zum drëtte Saz keng wierklech Äntwerte méi op d'Mamer Spill fonnt. Den zweete Spilldag vun dësem Best-of-Three ass e Sonndeg an enger Woch zu Mamer.
Am Playdown gouf et zu Dikrech eng kloer 3:0-Victoire fir d'Visiteure vun Esch. Um Sonndeg huet Bartreng0:3 géint Stengefort verluer.