Am Playoff vum Dëschtennis-Championnat stoung e Samschdeg de 4. Spilldag um Programm, am Playdown war et iwwerdeems de 5. Spilldag.

Am Playoff-Grupp hat Hueschtert-Foulscht keng Problemer mam DT Houwald a konnt sech souverän mat 6:1 duerchsetzen, woumat een elo mat engem Punkt Avance un der Spëtzt läit.

Berbuerg ass nämlech géint Lénger net iwwert ee 5:5 erauskomm. Um nächste Weekend kënnt et dann zum Duell tëscht dem Tabelleleader an dem Tabellenzweete wa Berbuerg op Hueschtert-Foulscht trëfft.

Am Duell tëscht Diddeleng a Recken huet den DT Diddeleng mat 4:6 de Kierzere gezunn. Recken ka sech an der Tabell domat dräi Punkte vum Tabelleleschten ofsetzen.

Am Playdown-Grupp gouf et eng däitlech 6:0-Victoire fir Lëntgen géint den DT Union iwwerdeems Rued sech mat 6:4 géint Iechternach duerchgesat huet.

D'Resultater am Iwwerbléck