D’Rout Léiwinnen hunn no der Néierlag e Mëttwoch an der Coque och op de Färöer Inselen 39:21 verluer, dobäi awer eng engagéiert Leeschtung gewisen.

D'Lëtzebuergerinnen hunn déi éischt 20 Minutte gutt mam Favorit matgehalen (11:8) a konnten d'Avance fir d'Färingerinne bei 3 bis 4 Goler halen. Bis zur Paus huet d'Ekipp vun den nordeschen Inselen e 6:1-Laf higeluecht a louch no 30 Minutte mat 17:9 vir. No der Paus huet Lëtzebuerg eng Zäit gebraucht, fir nees an de Rhythmus ze kommen. D'Färingerinnen hunn dovu profitéiert a sinn op méi wéi 10 Goler dervu gezunn. D'Spillerinne ronderëm d'Kim Wirtz, Dea Dautaj a Co hu sech awer net opginn an hu versicht, hire Spillplang duerchzezéien. Um Enn stoung zwar eng 21:39-Néierlag, mee mat 21 Goler huet d'Ekipp vum Trainer Alexandre Scheubel hire bis elo beschte Score an dëser Campagne realiséiert a ka mat Zouversiicht op déi nächst Matcher kucken.

D'Joanne Rodesch, déi an Däitschland zu Freiburg spillt, war mat 6 Goler a just 15 Minutte Spillzäit bescht Scorerin op Lëtzebuerger Säit, zesumme mam Tina Welter (5 Goler) an Dea Dautaj (4).