Ryan Jenkins gëtt neien Nationaltrainer

© RTL Archiv
D'FLTT huet matgedeelt datt de Ryan Jenkins ab dem 1. Mee 2024 neie Lëtzebuerger Nationaltrainer gëtt.
De Ryan Jenkins ass 45 Joer al a wäert an Zukunft d'Lëtzebuerger Dëschtennis-Nationalekipp an enker Zesummenaarbecht mam Sportdirekter betreien.

© Gareth Evans
Den Jenkins war 22 Joer fir säi Land Wales als Dëschtennisspiller aktiv an huet ënner anerem mat der brittescher Ekipp dräi Medaillen bei de Commonwealth Games gewonnen. Vun 2020 u war den Jenkins Trainer vu Groussbritannien a war do och fir de Nowuess verantwortlech.
Als Nationaltrainer soll den Jenkins déi erfollegräich Aarbecht, déi an de leschte Joren am Dëschtennis gemaach gouf, weiderféieren.