Houwald-Lénger a Recken-Diddeleng an de Véierelsfinallen

© Emile Mentz (Archiv)
Um Enn vum Playoff steet Hueschtert-Foulscht no enger 6:3-Victoire géint Berbuerg op der 1. Tabelleplaz.
Am nationalen Dëschtennis-Championnat huet um leschte Spilldag am Playoff Hueschtert-Foulscht Berbuerg mat 6:3 geklappt. Den Houwald an Diddeleng hu 5:5 gläichgespillt. A Recken huet Lénger 6:2 geklappt.
Hueschtert-Foulscht huet sech duerch d'Victoire déi 1. Plaz an der Tabell geséchert. Déi 2. Plaz ass fir Berbuerg. Béid Ekippe stinn domadder an den Halleffinallen. Dës ginn den 21. an 28. Abrëll gespillt.
Hir Géigner ginn an de Véierelsfinalle gesicht. Duerch d'Victoire vu Recken kritt den Houwald et mat Lénger ze dinn Recken muss géint Diddeleng untrieden. D'Matcher ginn de 17. Mäerz a 7. Abrëll gespillt.
D'Halleffinallen an d'Véierelsfinalle ginn zanter dësem Joer an engem Best-of-2-Modus gespillt. Weider Detailer ginn et am Schreiwes vun der FLTT.