Bierchem mécht nächste Schratt Richtung Titel

© AFP
Am Spëtzematch gewannen d'Réiserbänner zu Diddeleng, wärend sech Déifferdeng zu Käerjeng behaapt huet. Zu Dikrech gouf et keng weider Iwwerraschung.
Axa League Hären
Den Tabelleleader Bierchem setzt sech verdéngt 39:35 géint Diddeleng duerch. D’Gäscht aus dem Réiserbann hu vun Ufank un den Toun uginn. Bis op eng kuerzzäiteg Féierung vun Diddeleng an der 14. Minutt louch Bierchem an der éischter Hallschent ëmmer vir an huet säi gewinnt Spill opgezunn. Wéinst enger striker Linn vun den Arbittere stounge béid Ekippen dacks an Ënnerzuel um Terrain. Mam leschte Gol virum Säitewiessel konnt sech Bierchem op 21:17 ofsetzen.
Bierchem huet ab der 37. Minutt mat 7 Feldspiller gespillt, wat hinne bal zum Verhängnis gi wär, well Diddeleng vill Bäll am eidele Gol ënnerbrénge konnt. Insgesamt huet den HBD sech awer ze vill technesch Feeler geleescht a war an der Verteidegung net aggressiv genuch. Vun dëse Kaddoen huet d’Ekipp vum Trainer Marko Stupar profitéiert a bleift an der Tabell 6 Punkte virun der Déifferdenger Red Boys.
Um Käerjenger Dribbel huet sech Déifferdeng mat 28:25 géint Käerjeng behaapt. Déi éischt 6 Minutten hat Déifferdeng d’Nues vir, duerno huet Käerjeng d’Féierung iwwerholl a bis zur Paus net méi ofginn. Déi héchst Féierung fir d’Lokalekipp gouf et beim 11:8 an der 20. Minutt. D’Gäscht hunn an dëser Phas vun de Goler vum Brice Aillaud profitéiert, fir um Géigner drunzebleiwen. An der Paus hat Käerjeng ee Gol Virsprong (14:13).
Nom Säitewiessel konnt sech Käerjeng nees tëschenzäitlech op 3 Goler ofsetzen, gouf awer vun enger direkter Rouder Kaart fir de Sebastian Edgar gebremst. Duerno hunn d’Gäscht de Match u sech gerappt an haten an der Crunchtime dat néidegt Duerchsetzungsverméigen.
Den HB Esch setzt sech mat 24:18 zu Dikrech duerch. D’Lokalekipp wollt weisen, dass d’Victoire géint Käerjeng virun enger Woch keen Ausrutscher war an huet d’Escher an der éischter Hallschent op eng haart Prouf gestallt. No 30 intensive Minutte stoung et 11:10 fir d’Gäscht.
Am zweeten Duerchgang sinn dem Chev nëmmen 8 Goler gelongen, wat ze wéineg war, fir déi nächst grouss Ekipp ze iergeren. Op Escher Säit waren de Bob Kirsch an den Enes Agovic mat jee 6 Goler déi entscheedend Acteuren, soudass den HB Esch 2 Punkte mat an de Minett hëlt.
An der Relegatioun huet den HBC Schëffleng de Spëtzematch géint den HC Standard fir sech entscheet. Schëffleng, ee vun de Favoritten op den Opstig, setzt sech 29:26 zu Bouneweg duerch. Am zweete Match um Samschdeg gouf et eng 30:25-Victoire fir den HB Museldall géint Bieles. Um Sonndeg huet sech Rëmeleng ouni grouss Problemer mat 41:29 beim HB Miersch duerchgesat.
Spillplang Häre Playoff
Axa League DammenAm Spëtzematch vum 3. Spilldag huet sech Käerjeng géint Déifferdeng mat 33:24 duerchgesat. Déi éischt Véierelsstonn war equilibréiert, éier sech d’Lokalekipp mat engem 4:0-Laf den néidegen Ecart erausspille konnt, fir mat 14:10 an d’Kabinnen ze goen. Bei den Déifferdengerinnen hate sech déi lescht Minutten ze vill technesch Feeler ageschlach an d’Chancëverwäertung war och net gutt.
Den Ecart blouf bis zur 50. Minutt bei 4 Goler, uschléissend goung bei der Ekipp vum Trainer Michel Scheuren näischt méi zesummen. Duerch vill Ballverloschter an technesch Feeler bei de Gäischt konnt den HBK de Südwestderby 33:24 fir sech entscheeden.
Den Tabellenzweeten Diddeleng hat um Enn keng Problemer mam HB Museldall a gewënnt 36:21. D’Gäscht vun der Musel haten eng gutt éischt Hallschent erwëscht an hunn dem HBD d’Liewe schwéier gemaach. No 20 ausgeglache Minutte konnt sech den HB Museldall eng Féierung vun dräi Goler erausspillen (14:11), Diddeleng konnt awer nach virun der Paus op 19:15 dovunzéien.
De Laf vum HBD ass och nom Säitewiessel weidergaangen. Insgesamt huet d’Ekipp vum Trainerduo Molitor-Didion vun der 23. bis zur 34. Minutt en 11:1-Laf higeluecht an domat de Grondstee fir eng zum Schluss verdéngt Victoire geluecht. D’Schlussresultat am Centre René Hartmann war 36:21.
Den HB Esch huet bei der 25:24-Victoire géint Dikrech fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt. D'Ekipp vum Trainer Henri Mauruschatt louch, bis op den 2:1 no 4 Minutten, ëmmer vir an huet Dikrech d'Liewe schwéier gemaach. No 16 Minutte konnten déi Schwaarz sech eng éischt Kéier op 4 Goler ofsetzen a hunn dëse Virsprong bis an d'Paus gehalen (15:11). Nom Säitewiessel huet Dikrech sech lues a lues erugeschafft, mee Esch konnt de Chev an de leschte 15 Minutten ëmmer op Distanz halen a gewënnt zum Schluss verdéngt.