Volleyball - Coupe de Luxembourg
Walfer a Mamer stinn an der Finall

En Donneschdeg den Owend sinn am Volleyball d'Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg vun den Damme gespillt ginn.
An der éischter Halleffinall huet sech Walfer mat 3:1 (30:28, 25:12, 23:25, 25:18) géint d'Gym behaapt.
Den zweeten Ticket fir d'Finall huet sech Mamer geséchert. Mat 3:0 (25:20, 31:29, 25:16).
E Freideg den Owend ginn dann d'Halleffinalle vun der Coupe bei den Häre gespillt. Hei sti sech um 18.30 Auer Esch an Iechternach an um 20.30 Auer Luerenzweiler a Stroossen géigeniwwer.
Am meeschte gelies