E Freideg sinn am Volleyball d'Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn.

An der Coupe de Luxembourg am Härevolleyball hu sech de Volleyball Iechternach an de VC Stroossen am Kader vum Final 4 zu Bartreng fir d'Finall qualifizéiert.

Béi Ekippen gewannen hir respektiv Matcher géint Esch a Luerenzweiler all Kéier mat 3:0. Fir de Volleyball Iechternach ass et déi éischt Finall an der Veräinsgeschicht wärend Stroossen wäert versichen, hiren Titel vum leschte Joer ze verdeedegen.

Esouwuel d'Finall vun den Dammen tëschent Walfer a Mamer wéi d'Finall vun den Häre ginn am kommentéierte Livestream op RTL.lu iwwerdroen.