Den HB Käerjeng verléiert an der Tabell weider den Uschloss un den HB Esch a Bierchem gewënnt kloer géint Dikrech.

Axa League HärenUm éischte Spilldag vun der Réckronn am Playoff hunn d’Red Boys Déifferdeng och den zweete Match géint Diddeleng gewonnen. De Match war déi éischt Hallschent ganz ausgeglach, och wann d’Red Boys sech an der 23. Minutt kuerzzäiteg mat 3 Goler ofsetze konnten. Diddeleng koum bis zur Paus erëm erun an et goung mat 15:14 zu Gonschte vun Déifferdeng an d’Kabinnen.

Déi zweet Hallschent war genee esou serréiert wéi déi éischt 30 Minutten an de Match sollt an der Crunchtime decidéiert ginn. An de leschten 10 Sekonne goung et fir d’Spectateuren zimmlech oniwwersiichtlech zou, well d’Arbitteren hir Decisioun pro Diddeleng revidéiert hunn an Déifferdeng nees a Ballbesëtz koum. Diddeleng koum duerno net méi zu enger klorer Golchance a verléiert ganz knapp 31:32.

Den HB Esch feiert eng weider Victoire. Am Gaaschtmatch zu Käerjeng huet sech den amtéierende Champion 30:27 duerchgesat. No engem schlechten Escher Start (1:6 no 12 Minutten) huet sech d’Ekipp vum Trainer Adrian Stot ënnert dem Impuls vum Bob Kirsch a vum Lou Fancelli zeréckgekämpft, soudass Käerjeng zur Paus just nach ee Gol Virsprong hat (15:14).

An der zweeter Hallschent waren et déi Käerjenger, déi en immens schlechte Start erwëscht haten, wat den Trainer Zoran Radojevic zu enger séierer Auszäit gezwongen huet. Duerno konnt d’Heemekipp de Virsprong vun Esch guttmaachen an et war bis an déi lescht Minutten e spannende Match. Um Enn hat Esch déi méi glécklech Hand a sammelt zwee weider Punkten.

Den Tabelleleader Bierchem huet sech schlussendlech souverän mat 39:24 géint Dikrech duerchgesat. Dikrech konnt déi éischt Véierelstonn ausgeglach gestalten, duerno hu sech d’Réiserbänner lues awer sécher ofgesat an de Virsprong huet tëscht 4 a 5 Goler gependelt. Zur Paus stoung et 18:13 fir Bierchem. De Bierchemer Laf goung och no der Paus weider an d’Heemekipp war an der 38. Minutt déi éischt Kéier 10 Goler vir. Den Tabelleleader huet de Virsprong bis zum Schluss op 15 Goler ausgebaut. De Yann Hoffmann (8 Goler) an de Philipp Leist (7) waren op Bierchemer Säit déi bescht Buteuren, de Jakub Dulewicz (8) war fir Dikrech am erfollegräichsten.

An dann ass et och nach d'Informatioun, dass den Nationalspiller an eemolege Bierchemer Jugendspiller Luke Kaysen e Kontrakt fir déi 2. Bundesliga an Däitschland zu Dormagen ënnerschriwwen huet.

An der Relegatioun huet sech den HC Standard mat 27:21 zu Bieles duerchgesat, wärend Rëmeleng beim 44:30 keng Problemer mat de Gäscht vu Gréiwemaacher hat. De Spilldag gëtt e Sonndeg mam Match tëscht Miersch a Schëffleng komplettéiert. An do huet Schëffleng kloer an däitlech mat 40:24 d'Iwwerhand behalen.

Spillplang Häre Playoff

Axa League DammenUm véierte Spilldag huet sech den Tabelleleader Käerjeng ouni Problem mat 34:20 zu Dikrech duerchgesat. Mam Jenny Zuk (8 Goler) hat den HBK d’Spillerin mat de meeschte Goler a senge Reien, op Dikrecher Säit sinn déi 7 Goler vum Laurence Hoffmann eleng awer net duergaangen. Käerjeng war vun Ufank u spillbestëmmend an huet Dikrech keng Méiglechkeet gelooss, grouss Spannung opkommen ze loossen. Nom Pausestand vun 16:11 zu Gonschte vun de Gäscht ass de Virsprong an den zweeten 30 Minutte weider gewuess a Käerjeng ass als verdéngte Gewënner vum Terrain gaangen.

No enger serréierter Ufanksphas huet sech den HB Diddeleng um Enn kloer 33:25 beim HB Esch behaapt. Diddeleng konnt sech no enger Véierelstonn eng éischt Kéier méi kloer ofsetzen a louch an der Paus 18:11 vir. Nom Säitewiessel huet sech d’Ekipp vum Trainerduo Molitor-Didion eng maximal Avance vun 13 Goler erausgespillt, soudass de Match no 45 Minutte schonn decidéiert war. Um Enn konnt Esch de Réckstand nach reduzéieren.

D’Déifferdenger Damme konnten no der batterer Néierlag zu Käerjeng virun enger Woch nees en Erfolleg feieren. D’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren huet den HB Museldall mat 24:17 geklappt. Eng grouss Stäip waren d’Goler vum Lily Melchior (8 Goler) an dem Rijalda Cilovic (7). Trotz engem schlechte Start an de Match (2:7 no 9 Minutten) huet Déifferdeng de Match bis zur Paus an en 12:9 gedréint. Well dem Museldall wärend bal 15 Minutte kee Gol gelongen ass, konnte sech déi Rout komfortabel ofsetzen an de Match fir sech entscheeden.