An de Finallen zu Bartreng setzt sech bei den Damme Mamer mat 3:0 géint Walfer duerch a bei den Häre gewënnt Stroossen géint Iechternach och mat 3:0.

Am Centre Atert zu Bartreng ginn de ganzen Dag d'Finallen an der Coupe de Luxembourg gespillt.

Bei de Männer huet de Favorit vu Stroossen den 1. Saz mat 25:22 fir sech entscheet. Iechternach louch tëschenzäitlech mat 5 Punkten a Réckstand, huet sech awer ëmmer nees zeréck gekämpft. Um Enn sollt awer déi néideg Reussite an der Attack feelen.

Am 2. Saz hat et Iechternach du mei schwéier. Et louch e séier mat 0:6 a Réckstand. Um Enn geet de Saz däitlech mat 12:25 verluer. En anert Bild huet een dunn awer nees am drëtte gewisen. Et huet e Stroossen ëmmer nees a Verleeënheet bruecht. Gefall ass de grousse Favorit awer net. An esou gewënnt Stroossen no 3 Sätz mat 25:22, 25:12 a 26:24 Coupe de Luxembourg.

Mamer, déi 2023 géint Bartreng Coupe gewonnen hunn, kenne mat der Victoire géint Walfer hiren Titel domat verdeedegen. D'Ekipp ronderëm d'Anu Vukicevic huet eigentlech vun Ufank gewisen dass si am Centre Atert déi iwwerleeën Ekipp sinn an hunn des Performance 3 Sätz laang duerchgezunn. Eenzeg am drëtte Saz huet Walfer et richteg spannend gemaach, dat well Hoffmann a Co. virun allem an der Defense vill mei present waren. Et war eng ganz serréiert Schlussphase vum Saz. Um Enn klappen Damme vum Trainer Ranguel Krivov Walfer mat 3:0 (25:19, 25:19, 25:23) an huelen d'Coupe fir zweet noenee mat op Mamer.

Schon e Samschdeg de Moie goufen déi éischt Matcher bei der Jugend gespillt.

Bissen hat bei den U13 Mixte keng Chance géint Amber-Lënster a verléiert däitlech mat 0:3 (13:25, 14:25, 9:25).

Mamer muss sech bei den U15 Meedercher an engem ganz serréiertem Match um Enn no 5 Sätz mat 2:3 (12:25, 25:16, 25:16, 24:26, 11:15) géint Stroossen geschloe ginn. Eng weider Victoire gouf et fir de VC Stroossen bei den U19 Jongen. Hei konnt Stroossen sech no engem ganz spannendem 3. Saz mat 3:0 (25:19, 25:13, 26:24) géint Iechternach duerchsetzen.

D'Resultater vun den Hären

D'Resultater vun den Dammen