D’Lëtzebuergerin huet sech an der Halleffinall, mat 3:0 géint Kroatin Ivana Malobabic, d’Nummer 82 op der Welt, duerchgesat.

Am Dëschtennis steet d’Sarah De Nutte an der Final vun engem internationalen Tournoi zu Beirut a Libanon. An der Finall spillt d’Sarah de Nutte (WR 133) elo géint d’Inderin Sreeja Akula, déi op der 48. Plaz an der Welt steet.

Och de Lëtzebuerger Luka Mladenovic stoung an den Halleffinalle beim WTT zu Beirut. Ma hien huet 1:3 géint de Chinees Chuang Chih-Yuan verluer.