Championstitele fir Maël van Dessel an Tessy Gonderinger
Am Dubbel goung den Titel un Tessy Gonderinger an Ariel Barbosa bei den Dammen. Bei den Häre war et den 1. Titel fir de Maël van Dessel an den Gene Wantz.
De Weekend war an der Coque am Dëschtennis den nationale Championnat am Eenzel. Bei den Dammen huet sech do déi grouss Favoritin Tessy Gonderinger duerchgesat. D'Spillerin vum DT Rued huet sech an der Finall mat 4:0 géint d'Iwwerraschungsfinalistin Ni Xiao Jing duerchgesat.
Donieft huet de Maël van Dessel d'Finall bei den Häre mat 4:2 fir sech entscheet. No enger ganz spannender Finall géint den Eric Glod ka sech de jonke Lëtzebuerger iwwer säin éischten Titel am Eenzel freeën.
D'Tessy Gonderinger ka sech nieft dem Eenzel och nach iwwer d'Titelen am Dubbel Mixte an am Dubbel bei den Damme freeën. En erfollegräichen Ofschloss fir déi fréier Nationalspillerin, déi jo annoncéiert huet, no dëser Saison eng Paus ze maachen.
Am Dubbel bei den Häre konnte sech den Gene Wantz an de Maël van Dessel iwwer den Titel freeën. Si gewanne mat 3:1 géint d'Koppel Glod/Van Wambeke.
Auslousung vun der Halleffinall an der Audi-League
Hueschtert-Folscht spillt géint de Gewënner vun der 1/4-Final Houwald-Lénger.
Berbuerg spillt géint de Gewënner vun der 1/4-Final Recken-Diddeleng.
D'Halleffinalmatcher ginn den 21. an den 28. Abrëll gespillt. Wou, gëtt festgeluecht nodeems de 7. Abrëll feststeet, wien an der 1/2-Final ass.