Den HB Diddeleng wënnt d'Finall mat 22:17 géint ROS IL aus Norwegen

© Sharon Dickes
Bei der 36. Editioun vum Youth-Cup, dem traditionellen Handballtournoi vum HB Diddeleng, war den U-17 Meedercherstournoi am Fokus.
Déi éischt Partie an der Gruppephas um Samschdeg hunn déi Diddelenger géint Alpendorada aus Portugal nëmme gläich gespillt. Dono goufen et däitlech Victoirë géint Modena aus Italien an Grankulla aus Finnland. De leschte Match an der Gruppephas gouf géint Haut Doubs Handball aus Frankräich verluer, mee dat ouni Konsequenzen. Déi Diddelenger Meedercher konnten sech fir d’Halleffinall qualifizéieren.
Um Sonndeg am spéide Moien hunn d’Spillerinne vum Trainer Mikel Molitor géint Atzgersdorf guer näischt ubrenne gelooss a sech domat fir d’Finall qualifizéiert. De Géigner war hei ROS IL aus Norwegen.

© Sharon Dickes
Beim HB Diddeleng spille mat Valérie Gomes an Laura Ciufoli zwou A Nationalspillerinne wat fir d’d’Qualitéit vum HBD-Kader schwätzt. An der Finall konnten sech déi Diddelenger Meedercher mat 22:17 duerchsetzen an d’Iwwerraschung war perfekt. An der Paus stoung et nach 8:8 gläich. D'Golkipperleeschtung war staark an d'Defense stoung richteg kompakt. No der Finall gouf d’Laura Ciufoli als MVP gefeiert.