An der Arena vun der Coque organiséiert d'FLTT vum 17. bis den 20. Abrëll e groussen internationale Jugendtournoi.

Vun U11 bis U19 wäerte Jugendspiller aus 35 Natioune géinteneen untrieden. Et ass déi éischte Kéier, datt e sougenannte WTT Youth Contender zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Bannent véier Deeg gëtt hei an de Kategorien U11, U13, U15 an U19 gespillt, dat esouwuel bei de Meedercher wéi och bei de Jongen. Deemno wäert d'Arena an der Coque gutt gefëllt sinn. De Camille Gonderinger vun der FLTT erwaart sech eng 350 bis 400 Leit (Spiller, Spillerinnen an Encadrement).

WTT Youth Contender/Reportage Yannick Zuidberg

An déi mussen natierlech alleguerten encadréiert ginn. Do ass e gewëssent organisatorescht Talent gefrot, well dat ass virun allem mat ganz vill Aarbecht am Viraus verbonnen. Fir de Camille Gonderinger, dee sech ëm den organisatoreschen Deel këmmert, war et ee Full-Time-Job an de leschten zwee Méint.

Déi véier Deeg, déi den Tournoi dauert, brauch een awer natierlech vill Men Power, deemno muss d'Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun op eng ganz Partie Benevollen zeréckgräifen.

An nieft de Benevolle kämpfen och Lëtzebuerger Spiller a Spillerinnen an alle Kategorië géint d'international Konkurrenz ëm den Titel. Virun allem hofft een op gutt Resultater vum Maël van Dessel, Gene Wantz, Aaron Sahr oder och nach vum Enisa Sadikovic. D'Konkurrenz ass op alle Fall extrem grouss.

Deemno kann een also d'Stare vu muer an der Coque gesi spillen an dat wéi gesot vum 17. bis den 20. Abrëll. Den Entrée ass iwwregens fir all Dag fräi.

Kompletten Interview mam Camille Gonderinger