Ni Xia Lian a Luka Mladenovic verpassen weider Kéier Olympiaqualifikatioun

© Emile Mentz (RTL Archiv)
Bei engem Turnéier, bei deem sech de Gewënner fir d'Paräis 2024 konnt qualifizéieren, huet de Lëtzebuerger Duo d'Finall verluer.
Dobäi hat den Dag gutt fir d'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic ugefaangen, andeem si dräi Partië fir sech entscheede konnten. Ma an der Finall si si op den Duo Wong Chun Ting a Doo Hoi Kem getraff. D'Spiller aus Hongkong koume besser an de Match, konnte sech zum Schluss och 4:2 duerchsetzen a wäerte bei den Olympesche Spiller mat dobäi sinn.
Eng zweet Chance gouf et dunn e Freideg, ma och do konnte sech déi zwee Lëtzebuerger net duerchsetzen. Eng weider Méiglechkeet gëtt et dann déi nächste Woch bei engem aneren Tournéier, deen nee zu Havirov organiséiert gëtt.