Fir de VCS ass de véierte Meeschtertitel hannerteneen. Bei den Damme muss een nach bis d'nächst Woch op de Champion waarden.

Hären

No der 3:1-Victoire virun enger Woch huet Stroossen och den zweete Match géint Bartreng fir sech entscheet an ass domat déi véiert Kéier hannertenee Lëtzebuerger Champion. Domat konnt Stroossen nees eng Kéier den Doublé realiséieren. Am Mäerz hate si sech an der Coupefinall 3:0 géint Iechternach duerchgesat.

Den éischte Saz war haart ëmkämpft. Bartreng hat scho wéi de Gewënner ausgesinn, mee Stroossen huet sech zeréckgekämpft an de Sazpunkt agefuer (27:25). Am zweete Saz huet sech de Spectateuren an der Bartrenger Sportshal dat selwecht Bild gebueden. D'Lokalekipp louch e puer Punkte vir, mee Stroossen huet sech net opginn a konnt de Saz nach zu senge Gonschten dréinen (31:29).

Déi zwee éischt Sätz esou knapp ze verléieren hat de Bartrenger e Coup ginn. Am drëtte Saz hu si nach eng kuerz Zäit matgehalen, mee duerno huet Stroossen e groussen Ecart hikritt, deen den Erausfuerderer net méi agefaange krut. Den drëtten an decisive Saz goung mat 25:19 kloer un de VC Stroossen.

Am Playdown huet sech Iechternach kloer 3:0 géint Amber-Lënster duerchgesat. E Sonndeg hat Fenteng beim 3:0 keng Problemer mam Belair.

Dammen

Bei den Damme muss d'Decisioun vum Championstitel nach eng Woch waarden. De VC Mamer setzt sech an engem spannende Match 3:1 géint Walfer duerch an erzwéngt den decisiven drëtte Match. Walfer hat sech am éischte Match ganz knapp 3:2  behaapt.

Am éischte Saz hat et nach esou ausgesinn, wéi wa Walfer de Sak séier zoumaache kéint, mee Mamer huet sech am zweete Saz zeréckgekämpft an och den drëtte Saz fir sech entscheet. Am véierte Saz gouf et vill laang Ballwiesselen an den Duerchgang gouf eréischt beim Stand vun 31:29 fir Mamer entscheet.*

Am Playdown konnt sech Esch kloer mat 3:0 géint Dikrech behaapten. E Sonndeg gouf et eng kloer Néierlag fir Bartreng beim VC Stengefort (0:3).

*Walfer huet Protest géint d'Wäertung vum véierte Saz ageluecht, well et hirer Usiicht no zu engem Feeler vun den Arbittere koum. Beim Stand vu 27:27 hat Walfer de Punkt gemaach a Mamer krut zousätzlech eng Rout Kaart, wat eigentlech en direkte Punktverloscht bedeit. Dëst hätten d'Arbitteren awer net esou gewäert, soudass de Saz weidergoung. Dëse Saz huet Mamer schlussendlech fir sech entscheet.