Bis ewell sinn iwwer eng hallef Dose Lëtzebuerger Athlete fir d'Olympesch Spiller Enn Juli zu Paräis mat dobäi, dorënner och d'Patrizia van der Weken.

Patrizia Van der Weken huet EM an olympesch Spiller am Viséier / Rep: Sam Rickal

Déi olympesch Summerspiller sinn natierlech dat grousst Highlight vun der Saison. Allerdéngs huet déi 24 Joer al Sprinterin och fir d'Europameeschterschaft zu Roum an engem Mount grouss Ambitiounen.

"Fir mech ass et schonn immens wichteg. Also ech mengen, ech hat d'lescht Joer eng immens gutt Positioun am europäesche Ranking, eng europäesch Toplist. Deementspriechend peilen ech och schonn eng Finall un. Ech mengen, dat ass duerchaus méiglech. Et wäert op alle Fall net einfach ginn. Am Moment wëll jiddereen Zäite lafen, mee ech mengen dat ass da schonn e realistescht Zil. Duerno hunn ech nach eng Kéier en Trainingsblock mat vereenzelte Kompetitioune virun den Olympesche Spiller."

D'Patrizia van der Weken hat viru Kuerzem eng kleng muskulär Blessur, déi ass awer mëttlerweil verheelt. D'Qualifikatioun fir Paräis hat d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer scho fréi an der Täsch. D'Zil ass et virun allem zwee Deeg un den Depart kënnen ze goen.

"Ech wëll eeben an der beschtméiglecher Form sinn. Dat ass natierlech kloer. An dann eebe Lëtzebuerg sou gutt et geet ze representéieren. Dat ass halt dat gréissten Zil. Mee natierlech ass meng Performance och wichteg. Wann ech do géing en Tour weiderkommen, wier dat scho super flott, datt ech eeben iwwer déi zwee Deeg ka starten. Et ass schwiereg, sou eng Zäit fir ze soen, dat hänkt dovunner of, wéi d'Wieder wäert sinn. Ob et reent, ob Réckewand oder Géigewand ass. Dat ass dann alles vum Dag ofhängeg"

No enger staarker Indoor-Saison a gudde Prestatiounen däerf ee gespaant sinn, wéi d'Patrizia van der Weken sech op der EM zu Roum an op den Olympesche Spiller zu Paräis aus der Affär zitt.