EHF European CupDiddeleng verléiert den Allersmatch géint PAOK

RTL Lëtzebuerg
Mam HBD war e Samschdeg den Owend den éischte Lëtzebuerger Veräin fir dës Saison am European Cup gefuerdert.
Trotz der Néierlag am Allersmatch däerf sech den HBD nach Hoffnungen op e Weiderkomme maachen.
Trotz der Néierlag am Allersmatch däerf sech den HBD nach Hoffnungen op e Weiderkomme maachen.
© Serge Olmo

Den HB Diddeleng huet e Samschdeg den Owend an der éischter Ronn vum EHF European Cup den Allersmatch géint PAOK aus Griicheland mat 28:33 verluer. An der Paus louch ee virun den eegene Spectateure mat 12:16 hannen.

De Retourmatch ass e Sonndeg den Owend um 19 Auer. Gespillt gëtt nees zu Diddeleng.

E Sonndeg start och Bierchem an den EHF European Cup. Am Allersmatch kritt een et vun 19 Auer un a Montenegro mat Sutjeska ze dinn. De Retourmatch ass den 19. September um 18 Auer an der Hal zu Crauthem.

Esch ass den nächste Weekend an der éischter Ronn géint Tikves gefuerdert. D'Partië ginn e Samschdeg an e Sonndeg an Nordmazedonien gespillt.

Back to Top
CIM LOGO