Bierchem setzt sech d'Meeschterkroun op
Zwee Matcher viru Schluss ka Bierchem seng 7. Meeschterschaft feieren. Déifferdeng hëlt Revanche fir d'Coupe-Finall.
Axa League Hären
No der 41:25-Victoire zu Käerjeng ass Bierchem zwee Matcher viru Schluss déi éischt Plaz net méi ze huelen. Fir d'Réiserbänner ass et déi 7. Meeschterschaft an der Veräinsgeschicht.
Bierchem huet vun Ufank u keng Zweiwel opkomme gelooss, wien haut als Gewënner vum Terrain goe wäert. D'Ekipp vum Trainer Marko Stupar war mat engem 5:1-Laf an de Match gestart a konnt dës Féierung successiv ausbauen. Käerjeng war just beim Stand vu 5:8 eng Kéier no drun, mee huet soss phaseweis eng desolat Leeschtung mat ville Feelpassen a Ballverloschter gewisen. Zur Paus louch den HC Bierchem schonn 21:13 vir.
D'Leeschtung vu Käerjeng huet sech och am zweeten Duerchgang net wierklech gebessert an déi honnerte Bierchemer Spectateuren, déi den Auswäertsmatch zu engem Heemmatch mutéiere gelooss hunn, ware fréizäiteg a Feierlaun. Um Enn gewënnt den neie Champion Bierchem mat 16 Goler Avance. Eleng de Bierchemer Yann Hoffmann huet 12 Goler zu der Victoire bäigesteiert.

Eng Woch no der Coupe-Finall sinn Déifferdeng an Esch schonn nees openeegetraff, dës Kéier mam besseren Ausgang fir déi Rout. Déifferdeng gewënnt verdéngt 32:27 géint Esch. D'Red Boys ware besser an de Match komm a louchen no 10 Minutte 7:4 vir, mee duerno huet Esch de Match kuerzzäiteg zu senge Gonschte gedréint. Fënnef Minutte virun der Paus ass Esch an e Lach gefall an Déifferdeng konnt e 6:0-Laf realiséieren.
Esch huet sech an der zweeter Hallschent awer net opginn, konnt den Exploit vu virun enger Woch an der Coque awer net widderhuelen. D'Ekipp vum Trainer Nikola Malesevic huet d'Féierung souverän gehalen a steet domat och als Vize-Champion fest. Trotz der Néierlag war den Escher Luca Tomassini mat 7 Goler beschte Scorer, de Filip Bonic vun der Red Boys huet genee esou dacks de Gol getraff.
En Donneschdeg hat Dikrech schonn eng batter 22:42-Néierlag géint Diddeleng kasséiert. Diddeleng spréngt domat erëm virun Esch op déi drëtt Tabelleplaz wärend Dikrech mat just enger Victoire am Playoff Tabelleleschten ass.
Spillplang Häre Playoff
An der Relegatioun ka Schëffleng de Schampes fir den Opstig an d'AXA-League esou lues kal stellen. Schëffleng huet Bieles 43:20 iwwerrannt. Rëmeleng par conter huet am Spëtzematch beim HC Standard 30:34 de Kierze gezunn, woumat de Standard nach d'Méiglechkeet huet, opzesteigen.
E Freideg hat sech de Museldall an enger golräicher Partie mat 41:30 géint Miersch duerchgesat.
Axa League Dammen
Am Rematch vun der Coupe-Finall virun enger Woch war et dës Kéier eng kloer Affär fir den HB Diddeleng. Den Tabelleleader huet sech kloer mat 40:25 géint d'Red Boys Déifferdeng duerchgesat. Déi éischt 10 Minutte waren nach serréiert (5:5), mee duerno huet Diddeleng den Ecart gemaach an ass bis zur Paus op 20:10 dervugezunn. Och am zweeten Duerchgang hat Déifferdeng näischt entgéintzesetzen an den Diddelenger Virsprong ass ëmmer weider gewuess. Mat 8 Goler huet d'Ninon Bolle beim HBD erausgestach, wärend op Déifferdenger Säit d'Rijalda Cilovic an d'Kapitänin Lola Scheuren jeeweils 7 Mol de Gol getraff hunn.
Well Käerjeng säi Match géint Esch souverän 39:26 gewonnen huet, bleift den Titelkampf mat Diddeleng weider spannend. Käerjeng huet vun Ufank un näischt ubrenne gelooss an hat séier eng Avance vu 5 Goler. Bis zur Paus ass de Virsprong op 8 Goler ugewuess (21:13). Op Escher Säit hunn d'Noémie Hoffmann an d'Jil Reiter wuel 7 Mol getraff, mee dat ass net duergaangen, fir u Käerjeng erunzekommen. Um Enn steet eng verdéngt a souverän Victoire fir d'Ekipp vum neien Trainer Zoran Radojevic.
Dikrech mécht de Kampf ëm déi drëtt Plaz mat Déifferdeng nach eng Kéier spannend. No der 24:19-Victoire vum Chev beim HB Museldall sinn et just nach zwee Punkten op d'Ekipp aus der Cité du fer bei nach dräi ausstoende Matcher. De Match war bis an déi 20. Minutt ausgeglach, bis Dikrech den néidegen Ecart maache konnt, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen.
Ënnert der Woch hat de Museldall an engem Nodrosmatch mat 20:24 géint Esch de Kierze gezunn.
An der Relegatioun huet sech den Tabelleleader Käerjeng2 28:22 géint Bieles behaapt an de Standard huet de Verbleif an der AXA-League mat der 32:21-Victoire géint Réiden esou gutt wéi sécher.
E Sonndeg spillen nach Miersch an Diddeleng2 géinteneen.