Et war quasi scho sécher, ma elo huet de Stiermer et an engem Videomessage offiziell matgedeelt.

Seng Zäit bei Paris Saint-Germain wier an e puer Wochen eriwwer. E géif säi Kontrakt net verlängeren. Doriwwer war scho laang spekuléiert ginn, ma sou wierklech offiziell war et nach net gesot ginn.

Wouhin de franséische Stiermer wiessele wäert, gouf awer elo nach net bekannt. Villes deit allerdéngs drop hin, dass hien déi nächst Saison fir Real Madrid wäert spillen.

E Sonndeg um 21 Auer ass et dem Mbappé säi leschten Heemmatch am Parc des Princes, dat géint den FC Toulouse.

An der Champions League huet de PSG jo géint de BVB verluer an der Halleffinall, wouduerch et dem Mbappé dann och dës Saison net gelongen ass, mam PSG d'Champions League ze gewannen.

De Championstitel fir dës Saison huet de PSG sech scho geséchert. De Kylian Mbappé hofft, seng Saison de 25. Mee da mat der Victoire an der Coupefinall géint Olympique Lyon ofschléissen ze kënnen, éier et hien da bei säin neie Veräin zitt.