Zu Briedemes huet et geheescht: "Jeck im Sunnesching". Wat viru Jore säin Ursprong an der Fueshéichbuerg zu Köln hat, huet de Wee elo och op Lëtzebuerg fonnt. Duerch Fuesmusek d'Leit a Stëmmung bréngen, an dat am beschte souguer nach verkleet.
Mat ënner anerem den Höhner, de Räuber a villen anere bekannte Gruppen aus der Kölner Fuesent gouf um Sonndeg bei der Schleis vu Stadbriedemes gefeiert.