Standard zweeten Opsteiger, Meeschterfeier zu Bierchem

© Serge Olmo
Bei den Damme kënnt et am Titelgrupp um nächste Weekend zum decisive Match ëm de Championstitel.
Axa League Hären
Bierchem kasséiert déi zweet Néierlag hannerteneen, feiert awer de 7. Meeschtertitel an der Veräinsgeschicht. Um leschte Spilldag gouf et géint den HB Diddeleng doheem eng 40:47-Néierlag, déi véiert Néierlag insgesamt an der Saison 2023/24.
An engem Match, dee just nach Schaulafe war, hunn d’Spectateuren an der éischter Hallschent net manner wéi 45 Goler gesinn, wat net onbedéngt fir eng staark Defense op béide Säite geschwat huet. Och am zweeten Duerchgang sollt de Golfestival weidergoen – um Enn hate béid Ekippen de Ball insgesamt 87 Mol am Gol ënnerbruecht. D’Néierlag huet der Partystëmmung an der Crauthemer Sportshal awer näischt ofgedoen.
De Yann Hoffmann huet sech mat senge 7 Goler an dësem Match och déi éischt Plaz vun de beschte Buteure geséchert. An der Additioun vun Normalsaison a Playoff kënnt de Bierchemer op 157 Goler. Hannert him kommen de Brice Aillaud vun Déifferdeng (144) an den Diddelenger Josip Ilic (134).
Am Derby zu Nidderkuer tëscht Déifferdeng a Käerjeng hu sech d’Red Boys 39:35 behaapt. Déi éischt Hallschent war vu Kampf gepräägt, well béid Ekippe sech näischt geschenkt hunn, obwuel et ëm näischt méi goung. D’Red Boys ware mat engem 21:19 an d’Paus gaangen a konnte sech nom Säitewiessel séier op 6 Goler ofsetzen, wouduerch si de Match kloer geréiert hunn.
An der Lallenger Sportshal ass den HB Esch mat 34:27 als klore Gewënner géint Dikrech vum Terrain gaangen. Dikrech konnt déi éischt Véierelstonn gutt mathalen an huet duerno mussen ofräisse loossen, well si iwwer 10 Minutte kee Gol markéiert hunn. An der Paus stoung et 20:12 fir Esch. Déi Schwaarz-Wäiss hunn och an der zweeter Hallschent hire Spillplang duerchgezunn a schléissen d’Saison op Plaz 4 of.
Spillplang Häre Playoff
Den HC Standard steet als zweeten Opsteiger nieft Rëmeleng fest. Am direkten Duell tëscht den Opstigsaspirante Schëffleng a Standard huet sech d’Ekipp aus der Haaptstad mat 25:21 duerchgesat. Schëffleng mam Trainer-Urgesteen Maurizio Parisotto huet ni wierklech säi Spill kënnen opzéien an de Standard huet vun Ufank un den Toun uginn. Nom 14:10 zur Paus huet de Standard och an der zweeter Hallschent näischt ubrenne gelooss.
Schëffleng hat zwee Spilldeeg virun Enn déi bescht Ausgangspositioun. Déi Gréng stounge mat 15:1 Punkten un der Tabellespëtzt, hunn déi zwee lescht entscheedend Matcher awer verluer a bleiwen eng weider Saison an der zweeter Divisioun.
Zënter der Victoire virun enger Woch géint Schëffleng stoung scho fest, dass den HB Rëmeleng wéinst dem besseren direkte Verglach och an der nächster Saison an der Axa League spille wäert. Um leschte Spilldag huet sech d’Ekipp aus dem Minett mat 43:28 géint den HB Miersch duerchgesat.
Bieles schléisst d’Saison 2023/24, no der 22:26-Néierlag géint de Museldall, als Leschte vun der Relegatioun of.
Axa League Dammen
Den HB Diddeleng huet sech kloer mat 42:29 géint Esch duerchgesat. Den HBD war mat engem 5:1-Laf an de Match gestart, Esch konnt awer bis zur 10. Minutt nees opschléissen (6:5). Dat war awer den enkste Spillstand am ganze Match. No 30 Minutte louch d’Ekipp aus der Forge du Sud 19:13 vir. Am zweeten Duerchgang huet d’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor den Turbo gezünt a vun enger schwaacher Ufanksphas vun den Escherinne profitéiert. Scho beim Stand vu 27:15 no 40 Minutte war kloer, wien um Enn als Gewënner vum Terrain goe géif.
Dikrech gouf net zum Stolperstee fir den Tabellenzweete Käerjeng, soudass et um leschte Spilldag zum direkten Duell tëscht Diddeleng a Käerjeng ëm den Titel kënnt. Nodeems déi éischt 10 Minutten zimmlech enk waren, hat et sech Käerjeng, duerch e staarkt Optriede vum Teodora Galic, bis kuerz virun der Paus e komfortabele 4-Goler-Virsprong erausgespillt. Duerch zwou Onopmierksamkeeten an der Defense konnt Dikrech nach verkierzen (14:12).
Dem Chev sinn och no der Paus zwee séier Goler gelongen, soudass et op eemol gläich stoung; et sollt awer déi eenzeg Kéier bleiwen. De Match sollt och bis an d’Crunchtime serréiert bleiwen, mee an de leschte fënnef Minutten huet Käerjeng d’Rou behalen an de Match decidéiert, fir mat engem 26:22 als Gewënner vum Terrain ze goen.
E Freideg schonn hat sech Déifferdeng souverän 33:26 géint de Museldall duerchgesat. No der Néierlag vun Dikrech ass der Ekipp vum neien Dammen-Nationaltrainer Michel Scheuren déi drëtt Plaz quasi net méi ze huelen.
Um leschte Spilldag huet sech decidéiert, wien nieft dem HC Standard an d'Axa League opsteigt. Hei huet den HC Atert Réiden d'Renne fir sech entscheet. Dat, well déi zweet Ekippe vun Diddeleng a Käerjeng net opsteigen dierfen, obwuel si op de Plazen 1 an 2 stinn. Dobäi kënnt, dass d'Punkte géint déi zweet Ekippen net gerechent ginn.
Um 10. Spilldag ass Käerjeng net zu Diddeleng ugetrueden, woumat den HBD de Match 20:0 gewonnen huet. Duerch eng kloer Victoire vum HC Standard géint Bieles (24:16) an der Victoire vu Réiden am Match géint Miersch (29:26) huet Réiden den direkte Verglach géint Bieles gewonnen a spillt d'nächst Saison eng Etage méi héich.