Den Yvandro Borges spillt mat Nijmegen d'nächst Saison an der Conference League. An der Belsch hofft den Anthony Morris nach op de Championstitel.

Sonndeg

Den Anthony Morris an Union St. Gilloise feieren eng wichteg Victoire am Kampf ëm de Meeschtertitel. Um virleschte Spilldag an der héchster belscher Liga huet d'Ekipp vu Bréissel 2:1 bei Cercle Bruges gewonnen an huet domat provisoresch déi selwecht Punktzuel um Kont, wéi den Tabelleleader FC Bruges an den Tabellenzweeten Anderlecht, déi nach am direkten Duell openeen treffen.

An der hollännescher Eredivisie huet Nijmegen, de Veräi vum Yvandro Borges, d'Saison mat engem 4:1 géint Almere ofgeschloss. Mat der sechster Plaz huet sech Nijmegen fir d'Conference League qualifizéiert. Den Yvandro Borges war bei dësem Match wéinst enger Knéiblessur net am Kader.

Vitesse Arnheim verabschit sech mat engem 2:2 géint Ajax Amsterdam aus der Eredivisie. De Veräi vum Mica Pinto krut virun e puer Wochen 18 Punkte wéinst Verstouss géint d'Lizenzbestëmmungen ofgezunn a stoung fréizäiteg als Ofsteiger fest.  De Lëtzebuerger huet 90 Minutten duerchgespillt.

An der ukrainescher Premier League huet LNZ Cherkasy um virleschte Spilldag déi 7. Plaz zementéiert. Fir d'Ekipp vum Lëtzebuerger Olivier Thill geet et schonn zënter Wochen ëm näischt méi: d'Plaz fir d'Conference League ass ze wäit ewech a mam Ofstig hu si och näishct méi ze dinn. Mam 2:1 géint Sorja Luhansk schléisst Cherkasy d'Saison definitiv als 7. of. Den Olivier Thill stoung wärend 90 Minutten um Terrain.

An der zweeter däitscher Bundesliga ass et fir Magdeburg ëm näischt méi gaangen. D'Ekipp aus Sachsen-Anhalt war scho virum Match gerett, huet et Düsseldorf, dem Relegationist, am leschte Match net einfach gemaach. Düsseldorf louch zwar séier 2:0 vir, mee Magdeburg konnt no 50 Minutten ausgläichen. An der 88. Minutt huet den Tzolis säin drëtte Gol fir Düsseldorf geschoss a Magdeburg domat déi 14. Néierlag an der Saison zougefüügt. Och am leschte Match koum den Eldin Dzogovic net zum Asaz, stoung awer am Kader.

Och den Opsteiger Elversberg schléisst d'Saison mat enger Néierlag of. Am Heemmatch géint Karlsruhe gouf et eng 0:3-Néierlag fir d'Ekipp vum lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte. Elversberg steet no 34 Spilldeeg mat 43 Punkten op der 11. Plaz.

Fir den Danel Sinani a St. Pauli gouf et an hirem leschte Match an der zweeter Liga déi 20. Victoire. St. Pauli stoung schonn zënter zwou Wochen als Opsteiger fest an huet de Match géint den Ofsteiger Wehen-Wiesbaden net op déi lescht Schëller geholl. Um Enn gewannen d'Hamburger 2:1. Den Danel Sinani, deen an der 65. Minutt agewiesselt gouf, huet den decisive Gol fir seng Faarwe geschoss, krut awer wéinst Trikotausdoen déi Giel Kaart gewisen. St. Pauli schléisst d'Saison als Tabellenéischten of an ass domat och Champion vun der zweeter Liga.

Samschdeg

Mainz huet zum Ofschloss d'Partie géint Wolfsburg gedréint a sech um Enn mat 3:1 behaapt. De Leandro Barreiro huet wéi gewinnt ugefaangen a stoung de ganze Match iwwer um Terrain. Nodeems ee laang am Tabellekeller war huet eng Serie vun 8 Matcher um Stéck ouni Néierlag dofir gesuergt, dass ee souguer ouni Punkt d'Klass gehalen hätt.

Sabah Baku ka sech nom 2:0 géint den direkte Konkurrent Sumqayit weider Hoffnungen op eng europäesch Qualifikatioun maachen. Den Ament steet een op Plaz 4, ma mat enger Victoire géint den Tabellenzweeten Neftchi um leschte Spilldag géif een d'nächst Joer an der Conference League spillen. De Vincent Thill stoung wéinst senger Verletzung weider net am Kader.

An der zweeter Liga an Polen huet Stal Rzeszow déi gutt Form confirméiert a mat 3:1 géint Gornik Leczna gewonnen. De Sébastien Thill stoung an der Startformatioun an huet de wichtege Gol zum 2:1 virbereet. No 8 Victoiren aus de leschten 10 Matcher huet Rzeszow mam Ofstigskampf näischt méi ze dinn, soudass een ee Spilldag viru Schluss am Tabellemëttelfeld steet.

An der éischter Liga a Bulgarien ass ZSKA Sofia doheem géint Krumovgrad net iwwert en 2:2 erauskomm. Den Enes Mahmutovic war bei Sofia an den éischten 11 a gouf no enger gudder Stonn ausgewiesselt. Bei nach 2 Spilldeeg kéint d'Ekipp vum Lëtzebuerger mat dësem Remis op Plaz 3 zréckfalen, wann Cherno More Varna e Sonndeg gewënnt.

Yverdon konnt um zweetleschte Spilldag vum Ofstigsgrupp vun der Schwäizer Super League eng 3:1-Victoire géint den FC Luzern feieren. De Mathias Olesen huet de Match net ugefaangen, gouf awer an der 74. Minutt als eenzege Spiller op Säite vun Yverdon agewiesselt.

An der drëtter däitscher Liga huet Mannheim sech um leschte Spilldag misse mat 0:2 zu Aue geschloe ginn. De Laurent Jans, deen no der Saison net bei Mannheim bleift, stoung net am Kader. Bei Aue souz den Tim Kips déi 90 Minutten op der Bänk. Aue gëtt domat de 6. wärend Mannheim d'Saison op Plaz 16 ofschléisst.

Freideg

An der zweeter franséischer Divisioun gouf et fir Bastia en 1:1 beim Opstigsaspirant FC Paris. De Florian Bohnert stoung bei Bastia wéi gewinnt an der Startformatioun a gouf no 66 Minutten ausgewiesselt. Et war dee leschte Spilldag, woumat Bastia d'Saison am Tabellemëttelfeld op Plaz 13 ofschléisst.

Ouni den Dirk Carlson huet St. Pölten an der zweeter éisträichescher Liga eng 1:3-Defaite zu Dornbirn missen astiechen. Domat bleift een elo 7 Matcher um Stéck ouni Victoire, mam Ofstig dierft een awer näischt méi ze dinn hunn.