An hirem éischten Optrëtt an der European Golden League hu sech d'Lëtzebuerger Hären e Freideg géint Portugal deier verkaf.

Am éischte Saz gu Gilles Braas a Co en Avantage vu 4 Punkten net konnten halen an um Enn knapps mat 22-25 verluer. D'Portugisen haten e ganz gudden Depart an den zweeten Saz erwëscht, deen d'Lëtzebuerger net méi ausgläiche konnten a mat 19-25 verluer hunn. Den drëtte Saz huet den 12. vun Europa du kloer mat 25-16 fir sech entscheet. Aus Lëtzebuerger Siicht dierf ee mat deem Resultat a mat der Manéier, wéi sech d'Rout Léiwe presentéiert hunn, awer duerchaus zefridde sinn.

Och fir d'Lëtzebuerger Dammen huet de Géigner Portugal geheescht. Den Ënnerscheed tëscht béide Formatiounen war grouss an d’ Lëtzebuergerinnen konnte just am drëtte Saz hiert Potenzial ofruffen. Si verléieren zu Tampere a Finland deemno och hiren zweete Match mat 0-3 (10-25, 13-25, 21-25). Den nächste Freideg an der Coque waarden op Emma van Elslande a Co mat de Färöer Inselen en däitlech méi liichte Géigner an der European Silver League.

Fir d'Hären geet et um Samschdeg mam zweete Match an der Golden League weider, bei deem een op Spuenien an domat de 17.-klasséierten an Europa trëfft. De Match ass um 18 Auer eiser Zäit.