Barcelona verdeedegt den Titel bei den Dammen

© Thomas Coex/AFP
An der Finall huet sech Barcelona mat 2:0 géint Lyon duerchgesat. Et war den 3. Titel fir d'Spuenierinnen an de leschte 4 Joer.
An der éischter Hallschent war et eng animéiert Partie mat enger Rei Golchancen op béide Säiten. Lyon huet an der 14. Minutt just d'Lat getraff. An der 28. Minutt huet d'Bacha e geféierleche Ball vun der Linn gerett. Obwuel béid Ekippe mat vill Elan no vir gespillt hunn, sollt et mat engem 0:0 an d'Paus goen.
Lyon war dono besser aus de Kabinne komm, huet awer 2 Méiglechkeeten net genotzt. Op der anerer Säit konnt d'Bonmati no enger flotter Kombinatioun den 1:0 fir Barcelona markéieren. Et war awer weiderhin eng ausgeglache Partie op héijem Niveau. Lyon huet nom Réckstand no vir gespillt a probéiert de Match nees auszegläichen. D'Diani huet seng 2 Chancen awer net genotzt. An der Schlussphas huet Lyon alles no vir geheit. D'Hegerberg konnt an der 88. Minutt just knapp iwwer de Gol käppen. E Gol sollt de Franséisinnen net méi geléngen. Op der anerer Säit huet d'Putellas an der 95. Minutt op 2:0 erhéicht an de Match definitiv entscheet.