Am Damme-Volleyball huet Ungarn am Gymnase vun der Coque 3:0 géint d'Färöer Insele gewonnen.

Den éischte Saz goung mat 25:18 un d'Ungarinnen. Am 2. Set ass bei de Spillerinne vun de Färöer Inselen net vill gelaf. Si hunn dee Set mat 8:25 verluer. D'Ungarinnen hunn de Fouss net vum Gas geholl an den 3. Saz mat 25:10 gewonnen.

An der Golden League bei den Hären huet um Samschdeg Owend Tschechien mat 3:1 (25:22, 23:25, 25:15, 25:22) géint d'Ukrain gewonnen.

An der Golden League bei den Hären huet um Samschdeg Owend Tschechien mat 3:1 (25:22, 23:25, 25:15, 25:22) géint d'Ukrain gewonnen.