E Samschdeg war den 2. Spilldag vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis bei den Dammen an den Hären.

Bei den Häre konnte sech den Tennis Spora géint Cap on Line, Schëffleng géint Péiteng, Arquebusiers géint Conter an den Houwald knapp géint Esch duerchsetzen.

Bei den Damme goufen et Victoire fir Gréiwemaacher géint Jonglënster, Houwald géint Bouneweg, Arquebusiers géint Tennis Spora a Péiteng géint Stengefort.

Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.