Monnerech huet sech donieft direkt gerett. D'Fola a Käerjeng spillen an der Relegatioun. Beschte Buteur gouf de Jorginho vum Meeschter Déifferdeng.

Um Sonndeg stoung de leschte Spilldag vun der BGL Ligue um Programm. An do goung et nach ëm d'Conference League an den Ofstig.

De Resumé vum leschte Spilldag - Reportage vum Serge Olmo

Monnerech huet doheem mat 2:1 géint Käerjeng gewonnen a bleift domadder an der BGL Ligue. D'Gäscht mussen dogéint an de Barrage.

Monnerech huet doheem mat 2:1 géint Käerjeng gewonnen.

D'Heemekipp war an der 1. Hallschent déi dominant Ekipp um Terrain a war aggressiv an den Zweekämpf. Den Alunni an de Klapp hunn 2 vu ville Méiglechkeete genotzt an d'Heemekipp mat 2:0 a Féierung bruecht. No der Paus waren d'Gäscht besser am Match konnten an enger éischter Phas awer keng Chancen erausspillen. An der 71. Minutt ass dem Boutrif awer den Uschlossgol gelongen. Käerjeng huet sech an der Schlussphas druginn, Monnerech sollt déi 3 Punkten um Enn awer doheem halen.

D'Fola huet de Meeschter Déifferdeng 2:0 geklappt a sech nach laanscht Miersch op d'Relegatiounsplaz geschafft. No der Defaite zu Rouspert steigt Miersch nees an d'Éierepromotioun of.

Beetebuerg a Rodange steigen aus der Éirepromotioun an d'BGL Ligue op. Hueschtert a Rëmeleng spillen d'Relegatioun.

Stroossen ass um Enn op der 6. Plaz gelant, obwuel ee mat 0:2 zu Hesper de Kierzere gezunn huet. Well Hesper an d'Jeunesse am Moment keng Uefa-Lizenz kruten, géing des Plaz duergoen, fir nächst Saison europäesch ze spillen. Hesper wéi och d'Jeunesse hunn awer géint d'Entscheedung vun der Federatioun wéinst der UEFA-Lizenz Recours beim CLAS ageluecht.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Monnerech - Käerjeng 2:1
1:0 Alunni (26'), 2:0 Klapp (42'), 2:1 Boutrif (71')

Hesper - Stroossen 2:0
1:0 Simon (33'), 2:0 Correia (41')

Rouspert - Miersch 2:0
1:0 Redekop (73'), 2:0 El Idrissi (87')

Nidderkuer - Jeunesse 1:3
1:0  Schmid (38'), 1:1 Almeida (39'), 1:2 Todorovic (57'), 1:3 Mogni (90+5')

Fola - Déifferdeng 2:0
1:0 Tshitoku (2'), 2:0 Tawaba (24')

Wolz - F91 Diddeleng 2:3
1:0 Saidi (28'), 1:1 Antunes Carvalho (71'), 2:1 Schroeder (81'), 2:2 Decker (90+2'), 2:3 Hadji (90+5')

Racing - Munneref 1:1
0:1 Benamra (11'), 1:1 Gashi (38')

Péiteng - Schëffleng 1:3
0:1 Besic (9'),1:1 Hermandung (54'), 1:2 Benteke (64', Selbstgol), 1:3 Sarr (68', Selbstgol)

D'Tabell