Kontrakt bis 2027
Vincent Kompany gëtt neien Trainer vu Bayern München

© AFP
E Mëttwoch huet den däitsche Rekordchampion offiziell matgedeelt, dass ee mam Vincent Kompany een neien Trainer fonnt huet.
De fréiere belschen Nationalspiller ënnerschreift zu München e Kontrakt bis 2027. Fir hie wier et eng grouss Éier an hie géif sech op d'Erausfuerderung freeën, esou den neien Trainer. Den 38 Joer ale Belsch war bis elo Trainer bei RSC Anderlecht an dem FC Burnley. Als Spiller huet hien ënner anerem fir Hamburg a Manchester City gespillt.
Am meeschte gelies