Den FC Luxembourg City steigt an d'Éierepromotioun op

© Sam Rickal / RTL
Um Donneschdeg den Owend war den 1. Barragëmatch, dëst tëscht dem FC Luerenzweiler aus der Éierepromotioun an dem FC Luxembourg City aus der 1. Divisioun.
Luerenzweiler - Luxembourg City 3:4
0:1 Mendy (4.‘), 1:1 Heirens (6.‘), 2:1 Abi (18.‘, Eelefmeter), 2:2 Mokrani (28.‘), 2:3 Sery (34.‘), 3:3 Es Sakaf (70.‘) 3:4 Sery (88.‘)
Virun 1.328 Spectateuren war et an der éischter Hallschent e wëlle Match. Béid Ekippen hunn hiert Gléck an der Offensiv gesicht. Eng fréi Féierung vu Luxembourg City konnt Luerenzweiler direkt ausgläichen. Dono konnt Luerenzweiler de Match dréinen, mee Luxembourg City huet, an engem ausgeglachene Match, nees zeréck geschloen an de Match nees zu senge Gonschte gedréint.
No der Paus war de Match net méi ganz sou animéiert wéi an der 1. Hallschent. Luerenzweiler huet elo méi fir de Match gemaach wéi Luxembourg City a konnten an der 70. Minutt dann och ausgläichen. An der Schlussphase war de Match ausgeglach a béid Ekippen wollten d‘Verlängerung evitéieren. An der 88. Minutt huet dann de Sery mat engem direkt Fräistouss fir d‘Entscheedung gesuergt, woubäi de Pattabiraman am Gol alles anescht wéi gutt ausgesinn huet.
Domadder spillt Luxembourg City nächst Saison an der Éierepromotioun a Luerenzweiler muss nees de Gang an déi 1. Divisioun untrieden.