Metz fält aus der Ligue 1 eraus

© AFP
Les Grenats hu St. Etienne en haarde Kampf geliwwert, mee am Total sollt et net duergoen. Metz huet bal de ganze Match just zu 10 gespillt.
Serie A
Bergamo - Florenz 2:3
0:1 Belotti (6'), 1:1 Lookman (12'), 1:2 Gonzalez (19'), 2:2 Scalvini (32'), 2:3 Belotti (45'+1)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1: Relegatioun
Metz - St. Etienne 2:2 n.V. (2:1)
1:0 Camara (17'), 2:0 Mikautadze (25', Eelefmeter), 2:1 Pétrot (35'), 2:2 Wadji (117')
Méi knapp konnt et net sinn, mee um Enn geet et fir Metz net duer, fir an der Ligue 1 ze bleiwen. Wéinst dem 2:1 am Allermatch an dem selwechte Resultat no 90 Minutte goung et an d'Verlängerung, mam besseren Enn fir St. Etienne.
De Match huet schlechstméiglech fir Metz ugefaangen. An der 5. Minutt gouf den Ugräifer Diallo wéinst gravem Foulspill mat Rout vum Terrain gesat, mee Metz huet sech dovun net ënnerkréie gelooss. 10 Minutte méi spéit sollt et eng éischt Kéier am Gol vu St. Etienne rabbelen, an an der 25. Minutt kruten d'Grenats en Eelefmeter zougesprach, dee si verwandele konnten. St. Etienne konnt awer nach virun der Paus d'Resultat aus dem éischte Match egaliséieren. Am zweeten Duerchgang sollt kee weidere Gol falen, soudass et an d'Verlängerung goung. Do huet de Wadji an der 117. Minutt fir St. Etienne zougeschloen, woumat Metz als Ofsteiger feststoung.